Giordano Bruno
Den Giordano Bruno, gebuer am Januar 1548 zu Nola an Italien, a gestuerwen de 17. Februar 1600 zu Roum, war en italieenesche Philosoph an Dichter.
Giordano Bruno | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Filippo Bruno |
Gebuer |
Januar. 1548 (Julian) Nola |
Gestuerwen |
17. Februar 1600 Roum |
Nationalitéit | Kinnekräich Neapel |
Educatioun | Universitéit Federico II zu Neapel |
Aktivitéit | Astronom, Philosoph, Dichter, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Astrolog, Mathematiker, Priister |
![]() |
De Bruno huet d'Onendlechkeet vum Weltraum postuléiert a sech domat géint déi gängeg Meenung vun där Zäit vun enger a Sphären ënnerglidderter geozentrescher Welt gestallt. Wat deemools awer nach méi uerg war, dat war datt seng Theese vun enger onendlecher Welt d'Personalitéit vu Gott a Fro gestallt hunn, an datt hie sech ganz negativ iwwer de Jesus Christus ausgedréckt huet.
Hie gouf dofir jorelaang vun den Inquisiteuren an der Engelsbuerg agespaart an zum Schluss als Ketzer verurteelt an du verbrannt.
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Giordano Bruno – Biller, Videoen oder Audiodateien |