De Mont-Blanc-Tunnel ass e Stroossentunnel ënner dem Mont Blanc an den Alpen, dee Chamonix (Departement Haute-Savoie) a Frankräich mat Courmayeur (Valle d'Aosta) an Italie via d'Europastrooss E25 verbënnt. Et ass eng vun den Haapt-Transportstrecken iwwer d'Alpen, virun allem fir Italien, dat een Drëttel vu sengem Wuerenaustausch mat Nordeuropa iwwer deen Tunnel mécht.

Den Agank vum Mont-Blanc-Tunnel op der italieenescher Säit
op der franséischer Säit
Bannen am Mont-Blanc-Tunnel (2008).

D'Bauaarbechten hunn 1957 ugefaangen a waren 1965 fäerdeg. Den Tunnel gouf de 16. Mee 1967 vum franséische President Charles de Gaulle an dem italieenesche President Giuseppe Saragat ageweit an 3 Deeg drop fir de Verkéier opgemaach. En ass 11,611 km laang, 8,6 m breet a 4,35 m héich. Den Tracé ass net horizontal, mä geet vu béiden Enner aus zur Mëtt zou liicht biergop. Op der franséischer Säit (45° 54’ 05’’ N 006° 51’ 39’’ E) läit d'Entrée op enger Héicht vun 1274 m an op der italieenescher (45° 49’ 04’’ N 006° 57’ 07’’ E) op 1381 m. Den Tunnel besteet aus engem eenzege Rouer, duerch deen de Verkéier an zwou Richtunge geet. Wéi en opgoung war et dee längste Stroossentunnel vun der Welt.

Uganks gouf den Tunnel vun zwou ëffentleche Firme geréiert:

  • ATMB (Autoroutes et tunnels du Mont-Blanc) op der franséischer Säit an
  • SITMB (Società italiana per azioni per il Traforo del Monte Bianco) op der italieenescher.

De 24. Mäerz 1999 koum et zu engem Feier am Tunnel, wéi e Camion, dee Margarin a Miel gelueden hat, ugefaangen huet mat brennen, an duerch Damp an Hëtzt et deeglaang onméiglech war, d'Feier ze läschen. Et gouf 37 Doudeger. Well bei der Katastroph d'Koordinatioun tëscht deenen zwou Gesellschafte mangelhaft war, goufe s'an der Folleg zu enger eenzeger zesummegeluecht, der MBT-EEIG, (un där d'ATMB and d'SITMB jee 50 % hunn).

Nom Feier gouf den Tunnel, deen dowéinst dräi Joer laang gespaart war, staark moderniséiert, besonnesch a punkto Sécherheet.

Um Spaweck änneren

Commons: Mont Blanc Tunnel – Biller, Videoen oder Audiodateien