Pjotr Alexandrowitsch Klimow

De Pjotr Alexandrowitsch Klimow (Пётр Александрович Климов), gebuer de 16. Juli 1970 zu Moskau, ass e russesche Komponist an Dichter.

Pjotr Alexandrowitsch Klimow
Gebuer 16. Juli 1970
Moskau
Aktivitéit Komponist, Schrëftsteller

Säi Liewen änneren

Bis 1994 huet de Klimow am Michail Gnessin-Conservatoire beim Andrei Golowin a beim Boris Tschaikowski studéiert. No sengen Etüden huet hien an der selwechter Schoul Kompositioun- an Orchestratiounscourse ginn. De Klimow schreift niewelaanscht Gedichter mat Gittarbegleedung.

Hien ass Member vun der Boris Tschaikowski-Gesellschaft.

Säi Wierk änneren

  • Orchesterwierker
    • Canzonetta fir Sträichorchester (2000)
    • Concertino fir Piano a Kummerorchester (1997)
    • Celloskonzert (1994)
  • Vokalmusek
    • Kantate fir Bariton a Kummerorchester (1992)
    • Lidder
    • Musek fir Chéier
  • Kummermusek
    • Sträichtrio (1994)
    • Geiesonat(1991)
    • Variatiounen iwwer Theemae vum Bulat Okudschawa fir Braatsch solo (1997)
    • Suite fir Cello solo (2000)
    • Kleng Fantasie fir Klarinett solo (1998)

Um Spaweck änneren