Lucky Luke (Comicsserie)

belsch Comicsserie

Lucky Luke ass eng humoristesch Comicsserie, déi vum belschen Zeechner Morris (Maurice de Bevere) kreéiert gouf an déi am Wëlle Westen spillt, wou den Haaptpersonnage, de Lucky Luke, fir Recht an Uerdnung suergt.

Déi éischt Lucky-Luke-Geschicht war de Band Arizona 1880. Si ass de 14. November 1946 fir d'Chrëschtdeeg vun deem Joer an enger Spezialnummer vun der Comicszäitschrëft Le Journal de Spirou, dem Almanach 47, erauskomm. De Morris hat deemools eréischt 24 Joer.

An der Belsch an a Frankräich gouf de Lucky Luke bis 1968 am Magasinn Spirou publizéiert, vun 1986 bis 1973 am Magasinn Pilote, tëschent 1974 an 1975 a sengem eegenen, no him benannte Magasinn, tëschent 1975 an 1976 am Magasinn Tintin an duerno a verschiddenen aneren Magasinner.

Wéi d'éischt Publikatioun a Magasinner bis erduerch war, goufen d'Geschichten, mat e puer Ausnamen, a Form vun Albumen erausbruecht. Déi 31 éischt Albume sinn alleguer vum Editeur Dupuis publizéiert ginn, déi duerno vum Verlag Dargaud; vun 1991 u war et Lucky Productions, déi d'Albume publizéiert hunn an zanter 2000 kënnt de Lucky Luke bei Lucky Comics eraus.

De Lucky Luke ass weltwäit bekannt an ass an Europa immens populär; zu Lëtzebuerg ass de Lucky Luke änlech beléift ewéi den Astérix an den Tintin[Source?]. D'Comic-Serie gouf an 23 Sproochen iwwersat. Bis ewell[Wéini ?] goufen eng 300 Milliounen Albume verkaaft.

Nieft dem Comicalbum u sech sinn och Lucky-Luke-Kinosfilmer erauskomm, wéi och Dessin-animéen, Merchandise-Artikelen a Computerspiller. Zënter 1998 ass de Lucky Luke och am Erliefnispark Walibi bei Wavre vertrueden. Am Kader vun enger Beneluxkooperatioun zum Theema Fraud Prevention koum am September 2008 eng gratis Spezial-Nummer vum Lucky Luke iwwer Bedruchsvermeidung eraus, speziell bestallt op der Basis vun enger lëtzebuergesch-belsch-hollännescher Initiativ, wou direkt dräi lëtzebuergesch Ministèren dru bedeelegt waren. Den Auteur vun deem Album war de Vittorio Leonardo.

Bis 1955 goufen d'Geschichte vum Lucky Luke eleng vum Morris kreéiert, duerno a bis zu deem sengem Doud, 1977, war de René Goscinny den Auteur, de Morris huet just nach gezeechent. Zanterhier changéieren d'Auteuren. Am Moment (Enn 2018) sinn et de Jul (Julien Berjeaut) als Auteur an den Achdé (Hervé Darmenton) als Zeechner. Bis 2018 nach mat koumen 80 Albume vum Lucky Luke eraus. Dee bis ewell leschte Band, Un Cow-boy à Paris, ass vum November 2018. D'Illustratiounen dovu si vum Achdé an de Jul ass den Auteur; déi zwéin haten och dee viregte Band (La terre promise) zesumme kreéiert. Dertëscht koum nach een Erënnerungsalbum vum Mathieu Bonhomme eraus: L'homme qui tua Lucky Luke.

De Personnage änneren

De Lucky Luke ass ee Cowboy, éischter gouereg, an hien huet eng schwaarz Krausel um Kapp. Meeschtens huet hien ee gielt Hiem un, ee schwaarze Gilet an och ee roude Foulard. Hien huet eng blo Box a brong Stiwwelen un. Säin Numm kënnt vu "luck" d.h. Gléck. De Lucky Luke setzt sech a fir d'Gesetz, hie suergt fir Recht an Uerdnung. An de verschiddene Albume geet et ëmmer ëm dat Gutt an dat Béist, a fir d'Gerechtegkeet, fir déi de Lucky Luke sech asetzt a kämpft.

Déi grouss Géigner vum Lucky Luke sinn déi véier Dalton Bridder, eng Uspillung op déi historesch Dalton Bridder, déi Banditten am Wëlle Westen waren.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lucky Luke (Personnage).

Historesch Personnagen änneren

An der Lucky-Luke-Serie trieden eng Rëtsch historesch Personnagen op:

  • De Billy the Kid kënnt fir d'éischt an der Geschicht Hors la loi vir. Et muss een awer bis op de Band Billy the Kid waarden, bis säi physescht Ausgesinn a säi Charakter gefestegt ass. Hien ass den Haaptpersonnage an zwou Geschichten, deem schonn ernimmte Billy the Kid a L'Escorte. Des Weidere fënnt een hien och a follgende Geschichten: Les Collines noires, Jesse James, Western Circus, Belle Starr a L'Homme de Washington.
  • D'Calamity Jane daucht fir d'éischt an der 23. Geschicht Lucky Luke contre Joss Jamon op. Dora gëtt si als eng Bandittin duergestallt, eppes wat si awer weeder an der Realitéit war, nach wat se méli spéit an der Serie ass. Hiert physescht Ausgesinn ännert sech och am Laf vun der Serie am Verglach zu hirem éischten Optrëtt. Eréischt am Band Calamity Jane kritt dëse Personnage säin definitiivt Ausgesinn, dat e bis zum Schluss vun der Serie bäibehält. Nieft der Geschicht, déi hiren Numm dréit, ass d'Calamity Jane nach den Haaptpersonnage an enger zweeter Geschicht, der Chasse aux fantômes.
  • Den Abraham Lincoln, de President vun de Vereenegte Staaten tëscht 1861 an 1865, vertraut dem Lucky Luke e puermol Missiounen un.
  • En anere President, deen och representéiert gëtt, ass de Rutherford B. Hayes, deen tëscht 1877 an 1881 den 19. President vun den USA war. Och hie vertraut dem Lucky Luke Missiounen un, haaptsächlech an der Geschicht: L'homme à Washington, wou hie wärend senger Campagne duerch d'Vereenegt Staate vum Lucky Luke eskortéiert gëtt.
  • Den Edwin Drake alias le colonel Drake kënnt an der Geschicht A l'ombre des derricks vir. Hien hëlleft dem Lucky Luke fir nees d'Gerechtegkeet an der Stad hierzestellen.
  • De Black Bart, e Bandit, deen ëmmer Postkutschen ugräift, kënnt an der Geschicht La diligence vir.
  • De Mark Twain huet an der Geschicht L'Héritage de Rantanplan en Optrëtt als Journalist, deen dem Luck Luke begéint.
  • Déi franséisch Sängerin Sarah Bernhardt kritt eng Geschicht, déi hiren Numm dréit. De Lucky Luke muss op Demande vum President fir hir perséinlech Sécherheet wärend hirer Tournée duerch d'Vereenegt Staate suergen .
  • An der Geschicht Le 'Daily Star' muss de Lucky Luke an der Stad Dead End City de jonke Journalist Horace Greeley, de Grënner vum Daily Star protegéieren.

Verschiddenes änneren

De Lucky Luke huet am Laf vu sengem Liewen mam Fëmmen opgehalen. De Morris gouf dofir 1988 vun der Weltgesondheetsorganisatioun mat engem Spezialpräis ausgezeechent, well hien dem Lucky Luke zanter 1983 d'Fëmmen ofgewinnt hat. Zanterhier huet de Lucky Luke meeschtens e Grashallem amplaz vun enger Zigarett am Mond.

Nëmmen eng Kéier an all de Lucky-Luke-Geschichten, déi bis haut (Enn 2018) publizéiert goufen, kënnt et derzou, dass hien een erschoss huet. Dat geschouch an der zweeter Geschicht, déi 1947 erauskoum a La mine d'or de Dick Digger heescht (déi Geschicht koum 1949 nach eng Kéier am éischte richtege Album vum Lucky Luke eraus). Doran erschéisst de Lucky Luke de Mad Jim, deen een Doppelgänger vum Lucky Luke ass. De Lucky Luke sëtzt fälschlecherweis fir de Mad Jim am Prisong a gëtt am leschte Moment gerett duerch e Feeler vum Henker, dem Handy Harry. Iwwer all déi 80 Albume bleift dat deen eenzege Muerd vum Lucky Luke.

Vun engem eenzege Lucky-Luke-Band gëtt et eng lëtzebuergesch Iwwersetzung: L'amnésie des Dalton gouf 1991 vum Lucien Czuga als Wéi d'Daltone kee Verhalt méi haten adaptéiert.

Zeechnen änneren

Um Gebitt vum Graphikdesign fënnt een an den Albume vum Lucky Luke Biller, déi aus verschiddene Perspektive gezeechent sinn, an zwar wäitwénkleger grad ewéi och där aus der Fräschperspektiv. Déi Approche erënnert staark un d'Methoden aus dem Kino.

De Lucky Luke as eng Comic-Serie déi "karikatural" gemoolt ass. Dat heescht, datt d'Ëmwelt an d'physesch Gestalt vun de Personnage phantasievoll an och gär iwwerdriwwen duergestallt ginn. Dat weist zum Beispill de Gebrauch vu groussen Nuesen. De Morris huet awer och d'Faarwen op déi Aart a Weis duergestallt. Dat manifestéiert sech zum Beispill doduerch, datt hien den Himmel net blo moolt mä mat enger méi phantasievoller Faarf.

Dat kënnt och a verschiddenen Zeene vir, an deenen hien déi komplett Zeenerie mat enger Faarf gemoolt huet, wéi zum Beispill eng Brandzeen, déi ganz a Rout gemoolt ass. Domat kritt déi Zeen en humoristeschen Aspekt; et erënnert souguer e bëssen u Pop-Art. .


Lëscht vun den Albume vum Lucky Luke änneren

Bei den Éditions Dupuis änneren

  1. La Mine d'or de Dick Digger, Dupuis, Marcinelle, 1949
  2. Rodéo, Dupuis, Marcinelle, 1951
  3. Arizona, Dupuis, Marcinelle, 1951
  4. Sous le ciel de l'Ouest, Dupuis, Marcinelle, 1952
  5. Lucky Luke contre Pat Poker, Dupuis, Marcinelle, 1953
  6. Hors-la-loi, Dupuis, Marcinelle, 1954
  7. L'Élixir du Docteur Doxey, Dupuis, Marcinelle, 1955
  8. Phil Defer, Dupuis, Marcinelle, 1956
  9. Des Rails sur la prairie, Dupuis, Marcinelle, 1957
  10. Alerte aux Pieds-Bleus, Dupuis, Marcinelle, 1958
  11. Lucky Luke contre Joss Jamon, Dupuis, Marcinelle, 1958
  12. Les Cousins Dalton, Dupuis, Marcinelle, 1958
  13. Le Juge, Dupuis, Marcinelle, 1959
  14. Ruée sur l'Oklahoma, Dupuis, Marcinelle, 1960
  15. L'Évasion des Dalton, Dupuis, Marcinelle, 1960
  16. En remontant le Mississippi, Dupuis, Marcinelle, 1961
  17. Sur la piste des Dalton, Dupuis, Marcinelle, 1962
  18. À l'ombre des derricks, Dupuis, Marcinelle, 1962
  19. Les Rivaux de Painful Gulch, Dupuis, Marcinelle, 1962
  20. Billy the Kid, Dupuis, Marcinelle, 1962
  21. Les Collines noires, Dupuis, Marcinelle, 1963
  22. Les Dalton dans le blizzard, Dupuis, Marcinelle, 1963
  23. Les Dalton courent toujours, Dupuis, Marcinelle, 1964
  24. La Caravane, Dupuis, Marcinelle, 1964
  25. La Ville fantôme, Dupuis, Marcinelle, 1965
  26. Les Dalton se rachètent, Dupuis, Marcinelle, 1965
  27. Le 20ème de cavalerie, Dupuis, Marcinelle, 1965
  28. L'Escorte, Dupuis, Marcinelle, 1966
  29. Des Barbelés sur la prairie, Dupuis, Marcinelle, 1967
  30. Calamity Jane, Dupuis, Marcinelle, 1967
  31. Tortillas pour les Dalton, Dupuis, Marcinelle, 1967.

Bei den Éditions Lucky Comics (ex Dargaud) änneren

  1. La Diligence, Dargaud, Bruxelles, 19684
  2. Le Pied-tendre, Dargaud, Bruxelles, 1968
  3. Dalton City, Dargaud, Bruxelles, 1969
  4. Jesse James, Dargaud, Bruxelles, 1969
  5. Western Circus, Dargaud, Bruxelles, 1970
  6. Canyon Apache, Dargaud, Bruxelles, 1971
  7. Ma Dalton, Dargaud, Bruxelles, 1971
  8. Chasseur de primes, Dargaud, Bruxelles, 1972
  9. Le Grand Duc, Dargaud, Bruxelles, 1973
  10. L'Héritage de Rantanplan, Dargaud, Bruxelles, 1973
  11. Le Cavalier blanc, Dargaud, Bruxelles, 1975
  12. La Guérison des Dalton, Dargaud, Bruxelles, 1975
  13. L'Empereur Smith, Dargaud, Bruxelles, 1976
  14. Le Fil qui chante, Dargaud, Bruxelles, 1977
  15. 7 histoires de Lucky Luke, Dargaud, Bruxelles, 1974
  16. Le Magot des Dalton1, Dargaud, Bruxelles, 1980
  17. Le Bandit manchot, Dargaud, Bruxelles, 1981
  18. Sarah Bernhardt, Dargaud, Bruxelles, 1982
  19. La Corde du pendu et autres histoires, Dargaud, Bruxelles, 1982
  20. Daisy Town, Dargaud, Bruxelles, 1983
  21. Fingers, Dargaud, Bruxelles, 1983
  22. Le Daily Star, Dargaud, Bruxelles, 1984
  23. La Fiancée de Lucky Luke, Dargaud, Bruxelles, 1985
  24. La Ballade des Dalton et autres histoires, Dargaud, Bruxelles, 1986
  25. Le Ranch maudit, Dargaud, Bruxelles, 1986
  26. Nitroglycérine, Dargaud, Bruxelles, 1987
  27. L'Alibi, Dargaud, Bruxelles, 1987
  28. Le Pony Express, Dargaud, Bruxelles, 1988
  29. L'Amnésie des Dalton, Lucky Productions, 1991
  30. Chasse aux fantômes, Lucky Productions, 1992
  31. Les Dalton à la noce, Lucky Productions, 1993
  32. Le Pont sur le Mississippi, Lucky Productions, 1994
  33. Kid Lucky, Lucky Productions, 1995
  34. Belle Starr, Lucky Productions, 1995
  35. Le Klondike, Lucky Productions, 1996
  36. O.K. Corral, Lucky Productions, 1997
  37. Oklahoma Jim, Lucky Productions, 1997
  38. Marcel Dalton, Lucky Productions, 1998
  39. Le Prophète, Lucky Comics, 2000
  40. L'Artiste peintre, Lucky Comics, 2001
  41. La Légende de l'Ouest, Lucky Comics, 2002

D'Aventures de Lucky Luke nom Morris änneren

Nom Doud vum Morris huet d'Serie den Numm changéiert.

  1. La Belle Province, Lucky Comics, 2004
  2. La Corde au cou, Lucky Comics, 2006
  3. L'Homme de Washington, Lucky Comics, 2008
  4. Lucky Luke contre Pinkerton, Lucky Comics, 2010
  5. Cavalier seul, Lucky Comics, 2012
  6. Les Tontons Dalton, Lucky Comics, 2014
  7. La Terre promise, Lucky Comics, 2016
  8. Un cow-boy à Paris, Lucky Comics, 2018

Literatur änneren

  • Defrenet, Bernard. La fonction subjectivante dans les mythes. Le meurtre du double. In: L'Esprit du temps, Topique 2003/3 no. 84
  • Leonardo, Vittorio; Morris. Lucky Luke, Der Betrug 2008
  • Lire Hors-Série, La vie secrète de Goscinny (no 6), 2006.

Referenzen änneren