De Joé Flick, gebuer de 16. Juli 1979, ass e lëtzebuergesche Foussballsgoalkeaper.[1]

Den 29. Mee 2004 huet hie fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp géint Portugal matgespillt.[2]

Hien huet vun 1999 bis 2001 beim CS Habscht gespillt, an der Saison 2001/2002 war hie bei der Union Lëtzebuerg ier hien bäi d'Jeunesse Esch gewiesselt huet wou hie bis 2007 bliwwen ass. Zanterhier spillt hie beim FC Etzella Ettelbréck.[3]

ReferenzenÄnneren

  1. De Joé Flick op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. Lëscht vun de Lännermatcher vum Joé Flick op European Football
  3. De Joé Flick op der Websäit vun National Football Teams