Atomzentral vu Remerschen (Projet)

De Projet vun enger Atomzentral zu Remerschen stoung tëscht 1973 an 1978 am Mëttelpunkt vun der politescher Diskussioun zu Lëtzebuerg.

Virgeschicht änneren

De Projet war vun der Regierung Werner-Schaus II initiéiert ginn.[1] A senger Ried zu der Debatt iwwer de Staatsbudget, am November 1973, huet de Minister Marcel Mart, zoustänneg fir Energie, erkläert, et bestéing eng grouss Warscheinlechkeet, datt et 1980 zu engem Enkpass an der Energieversuergung kéim. De Stroumverbrauch géif sech all 8 bis 9 Joer verduebelen, an och d'Konventioun mat der RWE géif 1978 auslafen. D'Regierung hätt dofir de 16. Juli 1973 e Memorandum of understanding mat der RWE Essen ënnerschriwwen, an deem festgehale war, eng Étude de faisablilité maachen ze loossen, fir op Lëtzebuerger Territoire, laanscht d'Musel zu Remerschen, eng Atomzentral vun enger Leeschtung vun 1.200 Megawatt ze bauen. Se sollt vun enger Firma no Lëtzebuerger Recht geplangt, gebaut a spéider bedriwwe ginn, an där de Lëtzebuerger Staat an d'RWE jee d'Hallschent vun der Parten hätten.

Déi Gesellschaft gouf den 30. Januar 1974 ënner dem Numm Société luxembourgeoise d'énergie nucléaire S.A. (kuerz: Senu) gegrënnt, an huet gläich mat de Viraarbecht vun de Pläng ugefaangen. Fir d'Resultater, déi se virleeë géif, objektiv z'iwwerpréiwen, huet de Gesondheetsminister Camille Ney den TÜV-Rheinland domat chargéiert, d'technesch Spezifizéierungen, déi an den Appel d'offre sollte kommen, op hir Sécherheetsrelevanz z'iwwerpréiwen.

D'Regierung Thorn-Vouel, déi aus de Chamberwale vum 26. Mee 1974 ervirgaange war, huet de 24. Juni 1974 eng Commission interministérielle de contrôle de l'étude pour l'implantation éventuelle d'une centale nucléaire agesat. Aus Vertrieder vum Gesondheets-, Innen-, Aarbechts- a Wäibauministère zesummegestallt, huet dës Kommissioun an hirem Rapport op verschidde Punkten higewisen, op déi Uecht gedoe misst ginn, mä huet selwer keng Positioun geholl.

1976 huet d'Regierung, well d'Géigner vum Projet ëmmer méi Gehéier fonnt hunn (kuckt ënnendrënner), sech hirersäits méi offensiv fir de Projet ausgeschwat. De Marcel Mart ass an der Tëleesemissioun Hei elei, kuck elei opgetrueden, wou e säi bekannte Statement gemaach huet, datt, wann d'Atomzentral net gebaut géif, da "ginn 1980 d'Luten aus". Um Radio gouf am Oktober eng Emissioun vu 4 Stonnen zum Theema ausgestraalt, an d'Senu huet, zesumme mam Energieministère, eng Broschür am Oste vum Land ausdeele gelooss mam Titel "Braucht unser Land ein Atomkraftwerk?, deem seng Äntwert schonn am Virwuert kloer war: "Luxemburg braucht ein eigenes Kraftwerk! Ein Kernkraftwerk in Remerschen."

De 24. November 1977 koum et zu engem Accord tëscht der Lëtzebuerger an der Däitscher Regierung, an deem festgehale gouf, datt mat de radioaktiven Offäll, déi entstoe géifen, d'selwecht verfuer sollt ginn, wéi mat deenen aus däitschen Atomzentralen. Och d'Sécherheetsvirschrëfte sollten zu Remerschen déi selwecht sinn. Den 12. Dezember 1977 hätt de Regierungsconseil d'Autorisatioun fir de Bau solle ginn, mä dozou koum et net.

D'Oppositioun an den Enn vum Projet änneren

Soubal d'Pläng vun der Regierung, uganks 1973 bekannt goufen, hu sech Géigner vun enger Atomzentral forméiert. Et koum 1974 zu der Grënnung vun der Biergerinitiativ Museldall (BIM), déi sech 1976 mat aneren Associatiounen zum Comité national d'action pour un moratoire zesummegeschloss huet.

D'Géigner ware Member vu verschiddene Parteien (oder a kenger Partei), d'Grënnungspresidentin vun der BIM, d'Élisabeth Kox-Risch, war z. B. Member vun der CSV (aus där se awer 1974 ausgetrueden ass). En haarde Kär awer war Member vun der LSAP, dorënner den Antoine Wehenkel Papp a Jong, de Michel Delvaux, Guy Wagner, Jean Huss (deemools President vun de Jeunesses socialistes a spéidere Grënner vun Déi Gréng), oder de Jean Gremling (spéider Socialistes indépendants).

Well d'LSAP Koalitiounspartner vun der Regierung war, déi hanner dem Projet stoung, gouf op hirem Kongress am Oktober 1977 decidéiert, en Ausseruerdentleche Kongress, den 11. Dezember 1977, anzeruffen, fir basisdemokratesch d'Positioun zu de Pläng vun der Atomzentral zergutts festzeleeën. D'Resultat war knapps: 153 Delegéiert hu fir "Jo zum Projet ënner bestëmmte Bedingunge" gestëmmt, 156 ware fir e Moratorium, d. h. dofir, de Projet einstweilen ze stoppen. D'DP, deen anere Koalitiounspartner, hat am Oktober 1977 op hirem Kongress bal eestëmmeg fir de Projet gestëmmt - och, well de Parteipresident a Premierminister Gaston Thorn dat sou vu senger Partei gefuerdert huet. Et koum awer net zu enger Regierungskris; de Regierungsconseil huet nom LSAP-Kongress decidéiert, mat den Aarbechten um Dossier Remerschen virunzefueren.

Mä do war d'Loft eraus: Den 3. Abrëll 1978 sot den neien Energieminister Josy Barthel (de Marcel Mart war am Hierscht virdru Lëtzebuerger Vertrieder um Europäesche Rechnungshaff ginn), de Projet kéint an där Form wéi e geplangt gi war, net realiséiert ginn, well d'Délaiën iwwerschratt wieren, an d'RWE net bereet wier, se nach ze verlängeren. Zwar sot de Gaston Thorn am Mee, et géif kee Moratoire, an de Projet wier fir hien nach ëmmer aktuell, mä den 22. Juni 1978 huet d'Regierung matgedeelt, si hätt den Dossier Remerschen klasséiert.

Literatur änneren

Zäitgenëssesch änneren

  • Cnam: KKW Remerschen Weißbuch. o.J. (Mäerz 1977).
  • Cnam: KKW Remerschen vor der Entscheidung, o.J. (November 1977).
  • Ministère de l'Energie, Senu: Braucht unser Land ein Atomkraftwerk?, o.J. (1976).

Analytesche Réckbléck änneren

  • Sacha Pulli: Das gescheiterte Jahrhundertprojekt: Die Geschichte der Atomzentrale in Remerschen von 1973-1979. Fondation Lydie Schmit, 2020.
  • Paul Kayser: La centrale nucléaire de Remerschen: Tout sur le projet luxembourgeois le plus ambitieux du siècle. Luxembourg, o.J.
  • Monique Mathieu: "Die Schatten der Kühltürme", in: Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert, 1900-1999. Luxembourg: Éditions Guy Binsfeld 1999, S. 498-507.

Referenzen änneren

  1. Deen Artikel hei baséiert, wann net anescht uginn, op: Monique Mathieu: "Die Schatten der Kühltürme", in: Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert, 1900-1999. Luxembourg: Éditions Guy Binsfeld 1999, S. 498-507.