Roald Amundsen

norwegesche Polarfuerscher

De Roald Amundsen, gebuer de 16. Juli 1872 zu Borge/Östfold a gestuerwen am Juni 1928 tëscht Tromsö an der Biereninsel am Archipel Spitzbergen war e norwegesche Polarfuerscher.

Roald Amundsen
Gebuertsnumm Roald Engelbregt Gravning Amundsen
Gebuer 16. Juli 1872
Gestuerwen 18. Juni 1928
Arkteschen Ozean
Doudesursaach Fligeraccident
Nationalitéit Norwegen
Aktivitéit Explorateur, Schrëftsteller, Séimann, Fuerscher, Pilot, Reesenden

No engem ofgebrachene Medezinstudium (1894) huet den Amundsen sech der Erfuerschung vun de Polarregioune vun eisem Planéit verschriwwen.

1897 bis 1899 huet hien un enger belscher Südpolexpeditioun deelgeholl.

Op der Sich nom magnéiteschen Nordpol huet den Amundsen op senger 1. Expeditioun op engem ëmgebaute Fëscherboot an de Joren 1903-1906 als Éischten d'Nordwestpassage duerchfuer.

An enger Course mam Robert Falcon Scott huet den Amundsen de 15. Dezember 1911 mat senge 4 Begleeder op Grond vu sengem bessere Material als Éischten de Südpol erreecht.

Am Kader vun enger Rettungsmissioun fir den italieenesche Polarfuerscher Umberto Nobile koum den Amundsen bei engem Fligeraccident ëm d'Liewen. Seng Läich gouf net fonnt.

Um Spaweck änneren

Commons: Roald Amundsen – Biller, Videoen oder Audiodateien