Wladimir Alexandrowitsch Astapowski
sowjeteschen (russesche) Foussballspiller
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Wladimir Alexandrowitsch Astapowski (op Russesch: Владимир Александрович Астаповский), gebuer de 16. Juli 1946 zu Brjansk a gestuerwen den 12. Abrëll 2012 zu Moskau, war e sowjeteschen (russesche) Foussballspiller op der Golkipp-Positioun[1][2].
Wladimir Alexandrowitsch Astapowski | |
---|---|
Gebuer |
16. Juli 1946 Brjansk |
Gestuerwen |
12. Abrëll 2012 Moskau |
Nationalitéit | Sowjetunioun, Russland |
Aktivitéit | Foussballspiller, Foussballtrainer |
Positioun oder Spezialitéit | Golkipp |
Gréisst | 186 Zentimeter |
Gewiicht | 82 kg |
Veräin/Ekipp | Sowjetesch Foussballnationalekipp |
Hien huet a senger Profiscarrière fir sowjetesche Clibb SKTschF Sewastopol (1966–68), PFK ZSKA Moskau (1969–80) an FC SKA-Chabarowsk (1981–82) gespillt. Vun 1975 bis 1977 huet den Astapowski och eelefmol fir déi sowjetesch Foussballnationalekipp, ënner anerem an den Olympia-Matcher, gespillt[1]. 1976 huet de Sportler zu Montréal eng olympesch Bronzemedail gewonnen[3].
No der Retraite als Spiller huet den Astapowski als Sportsenseignant[4] an als Trainer vun de Golkippe[3] geschafft.