Corneille Lentz

lëtzebuergesche Moler an Olympionik

De Corneille Lentz, gebuer den 20. Juli 1879 zu Rollengergronn[1] a gestuerwen den 10. Mäerz 1937 um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Moler an Olympionik[3].

Corneille Lentz
Corneille Lentz, Autoportrait
Gebuertsnumm Cornelius Lentz
Gebuer 20. Juli 1879
Rollengergronn
Gestuerwen 10. Mäerz 1937
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Famill
Kanner Robert Lentz
Uelegbild vum Corneille Lentz

De Corneille Lentz huet Konscht op der Académie des beaux-arts zu Bréissel studéiert[4].

Hien huet virun allem Blummen a Landschafte gemoolt an och d'Maueren a verschidde Kierchen dekoréiert. Op der Kolonialaustellung vun 1930 zu Paräis huet hien de lëtzebuergesche Pavillon dekoréiert[4].

Am Firmeregëster vun 1914 figuréiert hien als Comptoir des Arts, Corneille Lentz-Schœnberg an der Stad[5].

Hien huet Lëtzebuerg an de Konschtconcoursen op den Olympesche Summerspiller 1932 zu Los Angeles vertrueden[6].

De Corneille Lentz war mat der Marguerite Schoenberg bestuet. D'Koppel hat zwee Kanner: d'Antoinette an de Robert.

Wierker änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Corneille Lentz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Gebuertsschäin n° 27, Rollengergronn, 21. Juli 1879.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 11. Mäerz 1937, S. 8 (Link)
  3. De Corneille Lentz op der Websäit vu olympedia.org
  4. 4,0 4,1 Anthologie des arts au Luxembourg, 1992, S. 228
  5. Memorial Nr 15, 21 Mäerz 1914
  6. De Corneille Lentz op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'