De Manolis Anagnostakis (Μανώλης Αναγνωστάκης), gebuer den 10. Mäerz 1925 zu Thessaloniki, a gestuerwen den 23. Juni 2005 zu Athen) war e griichesche Lyriker vun der "éischter griichescher Nokrichsgeneratioun".

Manolis Anagnostakis
Gebuer 10. Mäerz 1925
Gestuerwen 23. Juni 2005
Athen
Nationalitéit Griicheland
Aktivitéit Dichter, Literaturkritiker, Redakter, Dokter

Säi Liewen änneren

Den Anagnostakis, 1925 zu Thessaloniki gebuer, huet Medezin studéiert a senger Heemechtsstad an zu Wien, wou hien eng Spezialiséierung a Radiologie gemaach huet. Duerno huet hien als Dokter zu Thessaloniki a vun 1978 un zu Athen.

Am Zweete Weltkrich war hien an der Resistenz aktiv an e gouf 1943 verhaft a gefoltert. Am Griichesche Biergerkrich koum en 1948 wéinst Aktivitéiten an der Resistenz géint den engleschen Okkupant an déi extremriets geriichte Regierung erëm an de Prisong an e gouf 1949 vun engem militäreschen Ausnamegeriicht zum Doud verurteelt.

Bei der allgemenger Amnestie vun 1951 gouf hie begnodegt a fräigelooss.

Zanter 1942 publizéiert den Anagnostakis nieft Literaturkritik nach Essaien haaptsächlech Gedichter. Tëscht 1944 a Mëtt der 70er Jore war hien a verschieddenen Zäitschëften wéi Xekinima (1944) oder Kritiki (1959-1961) aktiv.

Hie setzt sech definitiv als Dichter duerch mat Gedichtsbänn wéi: "Epoque I" (1945; "Epoque II" (1948); "Epoque III" (1951).

Tëscht 1956 an 1962 huet en en zweete poeteschen Zyklus ënner den Titelen: "Suite I", "Suite II" am Joer 1956 an "Suite III" 1962 erausginn.

1969 koum "Le Bord" an 1972 "Parenthèses" eraus. 1975 gëtt den Anagnostakis eng Anthologie mat enger Synthees vu Gedichter aus dëse verschiddene Publikatiounen eraus.

"La Cible" ass eng vu senge leschte Publikatiounen.

Seng Wierker goufe vu Komponiste wéi Mikis Theodorakis, Angeliki Ionatou, Michalis Grigoriou an Thanos Mikroutsikos vertount.

Am Anagnostakis sengem Literaresche Wierk begéint een iwwerall de Läinzeeche vu schlëmme Jore vun Ënnerdréckung, Leed, Doud, erliddenem Haass an verluerene Joren an de Prisonge vun Onrechtregimer. Säi soziaalt Engagement gëtt an all senge Publikatiounen däitlech. Seng dichteresch Biller hunn all e Fong vun Trauregkeet, dee den Anagnostakis mat enger grousse Dignitéit virstellt a batteren Commentairen iwwer d'Liewen, wouran d'Fatalitéit déi onvermeidlech an entscheedend Roll spillt.

Vum Manolis Anagnostakis koum 2004 an den Éditions Phi, Kollektioun Graphiti, eng Anthologie vu senge schéinsten Texter op Franséisch eraus ënner dem Titel "Il y avait des hommes". D'Zeechnunge si vum Yoyo Sorlin.

Den Anagnostakis stierft den 23. Juni 2005 zu Athen.

Editiounen (Auswiel) änneren

Originaleditiounen änneren

  • 1945: Epoches, Thessaloniki, Privatdrock.
  • 1948: Epoches 2, Thessaloniki, Privatdrock.
  • 1951: Epoches 3, Thessaloniki, Privatdrock.
  • 1956: Ta piimata 1941-1956, (Gedichter 1941-1956), Athen, Privatdrock.
  • 1985: Ta piimata 1941-1971, (Gedichter 1941-1971), Athen, Stigmi, 1985.
  • 1987: O piitis Manussos Fassis, (Den Dichter Manussos Fassis. Säi Liewen a säi Wierk), Athen, Stigmi, 1987.

Iwwersetzungen änneren

D'Lëtzebuerger Éditions phi hu vum Manolis Anagnostakis an der "Collection Graphiti" Il y avait des Hommes erausginn.

Musekalesches änneren