Boris Vian
De Boris Paul Vian, gebuer den 10. Mäerz 1920 zu Ville-d'Avray, a gestuerwen den 23. Juni 1959 bei Paräis, war e franséische Schrëftsteller, Ingenieur, Dichter, Chansonnier an Jazztrompettist. Hien huet och ënner dem Pseudonym Vernon Sullivan publizéiert.
Hien ass den Auteur vun 11 Romaner, 4 Gedichtersammlungen, e puer Theaterstécker, Dréibicher, enger 400 Chansonen (mat dat bekanntst: Le déserteur), asw. Ë. a. huet hien och dem Raymond Chandler säi Wierk op Franséisch iwwersat.
Seng Lidder goufen ë. a. vum Serge Reggiani, Juliette Gréco, Nana Mouskouri, Yves Montand, Magali Noel an Henri Salvador gesongen. De Serge Gainsbourg sot, de Vian hätt him den Ustouss ginn, selwer Lidder ze schreiwen.
Hien huet och fir Zäitschrëften iwwer Jazz (Jazz Hot, Paris Jazz) geschriwwen a Kontakter zu amerikaneschen Jazzmuseker wéi dem Duke Ellingtion oder dem Miles Davis grknëppt, wéi déi zu Paräis opgetruede sinn.
Hie war mat der Schauspillerin Ursula Kübler bestuet.
Wierk (Auswiel)Änneren
Als Boris VianÄnneren
- Trouble dans les Andains (1947, posthum 1966 publizéiert)
- Vercoquin et le plancton (1947)
- L'Écume des Jours (1947)
- L'automne a Pekin (1947)
- Les Fourmis (1949, Kuerzgeschichten)
- L'Herbe rouge (1950)
- L'Arrache-coeur (1953)
- Le loup garou (posthum 1970 publizéiert, Kuerzgeschichten)
Als Vernon SullivanÄnneren
- J'irai cracher sur vos tombes (1946)
- Les morts ont tous la même peau (1947)
- Et on tuera tous les affreux (1948)
- Elles se rendent pas compte (1949)
De Boris Vian an de KinoÄnneren
als DréibuchauteurÄnneren
- 1952: Saint-Tropez, devoir de vacances, vum Paul Paviot (Kuerzfilm)
- 1958: La Joconde: Histoire d'une obsession, vum Henri Gruel (Kuerzfilm)
- 1959: J'irai cracher sur vos tombes vum Michel Gast
als SchauspillerÄnneren
- 1948: Aller et retour, vum Alexandre Astruc mam Danièle Delorme a Juliette Gréco (Kuerzfilm)
- 1949: Désordre, vum Jacques Baratier (Kuerzfilm)
- 1950: The Unthinking Lobster, vum Orson Welles (Kuerzfilm)
- 1952: Saint-Tropez, devoir de vacances, vum Paul Paviot (Kuerzfilm)
- 1952: La chasse à l'homme, vum Pierre Kast mam Gérard Landry a Geneviève Page
- 1956: Notre-Dame de Paris vum Jean Delannoy mam Anthony Quinn a Gina Lollobrigida
- 1957: Un amour de poche vum Pierre Kast mam Jean Marais a Geneviève Page
- 1958: La Joconde: Histoire d'une obsession, vum Henri Gruel (Kuerzfilm)
- 1959: Les liaisons dangereuses vum Roger Vadim mam Jeanne Moreau, Gérard Philipe an Annette Vadim
- 1960: Le bel âge vum Pierre Kast mam Loleh Bellon an Ursula Kübler
Filmer no Bicher vum VianÄnneren
- 1968: L'écume des jours, vum Charles Belmont mam Jacques Perrin, Marie-France Pisier, Sami Frey an Alexandra Stewart
- 2013: L'écume des jours, vum Michel Gondry mam Romain Duris, Audrey Tautou, Gad Elmaleh an Omar Sy
Um SpaweckÄnneren
Commons: Boris Vian – Biller, Videoen oder Audiodateien |