Haaptmenü opmaachen


Den (90377) Sedna ass e groussen transneptuneschen Objet déisäits vun der Kuiperceinture a gehéiert wéinst senger Gréisst a Mass héchstwahrscheinlech zu den Zwergplanéiten. Wéinst sengem Perihel vun 76 Astronomeschen Eenheeten (AE) kann et kee vum Neptun gestreeten Objet vun der Kuiperceinture (KBO) sinn a gëtt vum Mike Brown an déi nei Klass vun den „Distant detached objects“ (DDOs) agesat.

(90377) Sedna
Artist's conception of Sedna.jpg
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp TNO
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs zirka 488 A.E.
Peridatum September 2076
Exzentrizitéit 0,844
Sideresch Ëmlafzäit zirka 10,770 ± 20 a
Mëttel Bunnvitess 1,036 km/s
Inklinatioun 11,929 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 995 ± 80 km
Rotatiounsperiod zirka 10 h
Albedo 0,32 ± 0,06
Absolut Hellegkeet 1,5 ± 0,3
Entdeckung
Entdecker Michael E. Brown
Chadwick A. Trujillo
David L. Rabinowitz
Entdeckungsdatum 14. November 2003
Plaz Palomar-Observatoire
Aner Bezeechnungen 2003 VB12

a BenennungÄnneren

 
Dës dräi Biller sinn déi éischt déi vum Sedna gemaach goufen. Si goufen de 14. November 2003 vu 6:32 bis 9:38 UTC gemaach. De Sedna gouf wéinst enger liichter Drift op dëse Biller erkannt

De Sedna gouf de 14. November 2003 vum Mike Brown vum California Institute of Technology, dem Chad Trujillo vum Gemini-Observatoire an dem David Rabinowitz vun der Yale-Universitéit mam 1,2-m-Schmidt-Teleskop um Palomar-Observatoire entdeckt. Weider Ënnersich goufe mam Spitzer-Weltraumteleskop a mam Hubble-Weltraumteleskop gemaach. De 15. Mäerz 2004 gouf d'Entdeckung publik gemaach. Den Objet krut d'Klengplanéitennummer 90377.

No der konnt de Sedna op eelere Fotoen bis zréck an d'Joer 1990 identifizéiert ginn, wouduerch genee Bunndaten konnte berechent ginn. Zanterhir gouf de Planetoid duerch verschidden Teleskope wéi den Hubble-, de Spitzer- an den Herschel-Weltraumteleskop souwéi äerdbaséiert Teleskopen observéiert. Am Dezember 2017 gouf et am Ganzen 196 Observatiounen iwwer en Zäitraum vu 25 Joer.

Wéinst sengem kalen a wäitem Wiesen hunn d'Entdecker den Objet no der Sedna genannt, der Mieresgëttin vun den Inuit, déi der Soo no an de kalen Déiften vum Atlanteschen Ozean lieft. De Minor Planet Center huet den 28. September 2004 den Numm bekannt gemaach.

Wéi all aner transneptunesch Objeten ausser dem Pluto huet de Sedna keen offiziellt oder allgemeng gebraucht astronomescht Symbol. Sednasymboler déi een am Internet fënnt (z. B.   oder  ) sinn Entwërf vu Privatpersounen. Eng offiziell Symbolzouweisung ass net z'erwaarden, well astronomesch Symboler an der moderner Astronomie nëmmen nach eng minimal Roll spillen.

EegenschaftenÄnneren

ËmlafbunnÄnneren

 
Bunnverglach vum Sedna mam Pluto; de grénge Beräich vun der Bunn weist den Deel, dee südlech vun der Ekliptik läit.
 
Déi aktuell Positioun vum Sedna relativ zu der Kuiperceinture an de Planéiten
 
Dës Grafiken weisen déi aktuell Positioun vum Sedna am Verglach zu aneren Objeten vum Sonnesystem.

Den Sedna kreest ëm d'Sonn op enger prograder, héichgradeg elliptescher Ëmlafbunn tëscht 76,05 Astronomeschen Eenheeten (AE) an engem Ofstand vu ronn 900 AE zum Zentrum. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,844, d'Bunn läit 11,9° schréi géigeniwwer der Ekliptik.

Déi aktuell Distanz zu der Sonn ass 85,2 AE (knapps 12,75 Milliarde Kilometer). Dat entsprécht ongeféier der dräifacher Distanz vum Neptun zu der Sonn. D'Sonneliicht brauch fir déi Streck 11 Stonnen an 49 Minutten. De Sedna erreecht säi Perihel am September 2076.

Am Aphel ass de Sedna ongeféier 18¼-mol méi wäit vun der Sonn ewech wéi de Pluto op sengem wäitste Punkt. Dat entsprécht 0,0142 Liichtjoer. Domat brauch d'Sonneliicht dann ongeféier 5 Deeg a 5 Stonnen, bis et beim Sedna ukënnt, während et um sonnennooste Punkt "nëmmen" ongeféier 10½ Stonne sinn. Et misst een dem Sedna seng Apheldistanz iwwer 300-mol zréckleeën, fir bei dat nächst Stäresystem Alpha Centauri ze kommen.

D'Apheldistanz ass aussergewéinlech grouss. Trotzdeem gëtt de Sedna an där Hinsiicht vum dem méi klengen neptunbunnkräizenden Objet (308933) 2006 SQ372 iwwertraff.

D'Ëmlafzäit vum Sedna läit bei ronn 10.770 Joer.

Den Objet gehéiert wéinst den extreme Bunnelementer net méi zu der Kuiperceinture, anerersäits ass et vun der Sonn nëmmen en Zéngtel sou wäit ewech wéi déi ugehollen Oort-Wollek. Och wann déi genee Glidderung nach net kloer ass, gehéiert de Sedna op alle Fall zu enger ganz neier Klass vun Objeten.

Gréisst a RotatiounÄnneren

No Schätzungen aus dem Joer 2012 huet de Sedna en Duerchmiesser vun 995 km. Domat ass en eppes méi grouss wéi de gréisste Kierper an der Haaptceinture, den Zwergplanéit Ceres.

De Sedna rotéiert a ronn 10 Stonnen eemol ëm seng eegen Achs.

UewerflächÄnneren

De Sedna ass staark roudelzeg gefierft, a gläicht domat dem Zentaur Pholus oder dem Planéit Mars. D'Ursaach vun der Faarf ass aktuell nach net gekläert, si ass däitlech anescht wéi déi meescht kueleg Faarf vun den Transneptunen.

D'Uewerflächentemperatur dierft wéinst dëser grousser Distanz zu der Sonn bei nëmmen 30 K (−243 °C) leien. Déi visuell Magnitude vum Sedna ass am Perihel 20,4.

ZwergplanéitkandidatÄnneren

An de Medien gouf de Sedna dacks als 10. Planéit vun eisem Sonnesystem bezeechent – eng Ausso, déi vu wëssenschaftlecher Säit wéineg Ënnerstëtzung fonnt huet. Astronome gesinn beim Sedna wéinst senger relativ klenger Gréisst an der héijer Bunnexzentrizitéit kee reelle Planéit.

Ier et eng offiziell an allgemeng unerkannt Planéitendefinitioun gouf, war d'Fro, wéini en Objet als Planéit ze bezeechnen ass, net eendeiteg gekläert. Wann een nëmme géif vun der Gréisst vum Objet ausgoen, dann hätt den Eris, deem säin Duerchmiesser op 2326 km geschat gëtt, op jiddwer Fall als 10. Planéit gezielt, virausgesat, de Pluto hätt säi Status bäibehalen. Wann als Moossstaf eng stabil Ëmlafbunn agesat gëtt, dann ënnerscheede de Pluto an all aner Objete sech ganz gewalteg vun den anere Planéiten wéinst hirer staark exzentrescher Ëmlafbunn.

Déi offiziell Definitioun benotzt eng drëtt Méiglechkeet, andeem si festleet, datt en Objet nëmmen dann e Planéit ass, wann et duerch seng Unzéiungskraaft seng Ëmlafbunn scho vun aneren Objete gebotzt huet. Dat trëfft op keent vun den zanter 1846 entdeckten Objete zou, wouduerch deenen de Planéitestatus oferkannt gouf. Doduerch sinn Objete, déi dës Bedéngung net erfëllen, elo als déi nei Klass vun Zwergplanéiten definéiert.

Et war eng Grondsazfro, ob d'Sonnesystem 8 oder 10 (an ënner Ëmstänn nach méi) Planéiten huet. Eng Kommissioun vun der Internationaler Astronomescher Unioun hat de 16. August 2006 am viraus eng Definitioun fir e Planéit publizéiert, no där de Sedna als "Planéitekandidat" agestuft gouf. D'Ofstëmmung war de 24. August an de Sedna krut héchstens eng méiglech Astufung als Zwergplanéit. Bis zu enger offizieller Festleeung duerch d'I.A.U. gëllt Sedna als Zwergplanéitekandidat.

Souwuel de Mike Brown wéi och de Gonzalo Tancredi kommen zum Schluss, datt et sech bei Sedna bal sécher ëm en Zwergplanéit handelt, well si sech wéinst hirer geschätztener Gréisst a Mass wahrscheinlech am hydrostatesche Gläichgewiicht befënnt, also bal sphäresch geformt dierft sinn. De Gonzalo Tancredi schléit der IAU vir, si offiziell als sou een unz'erkennen.

Hypothesen a SpekulatiounenÄnneren

Als dat am wäitesten bekannten grousst Objet vum Sonnesystem, nach dozou op enger unerwaarte Bunn, gëtt de Sedna Spekulatiounen op – vill méi wéi aner Klengplanéiten. Déi grouss Distanz zu der Sonn gëtt Froen no Alternativen zu den Genesismodeller op. Sou liwwert dat aktuell Modell zu der Planéitengenesis (Zesummeballung vu Planéitesimalen) scho fir regulär Objete vun der Kuiperceinture wéinst der klenger Dicht vum protoplanetare Material eng Genesisdauer, déi ëm méi wéi eng Zéngterpotenz méi laang ass (etlech 100 Millioune Joer) wéi d'Liewensdauer vun der protoplanetarer Scheif (manner wéi 10 Millioune Joer).

Diskussioun zum UrspronkÄnneren

D'Entdecker huelen un, de Sedna géif zu enger bannenzeger Oort-Wollek gehéieren. Déi kéint sech aus der ufänglecher Oort-Wollek duerch eng Stéierung vu baussen gebilt hunn. A Fro kéimt dofir zum Beispill eng fréier, enk Begéignung vum Sonnesystem mat engem noe Stär. Déi ongewéinlech exzentresch Bunn kéint awer och vu Stéierungen duerch e gréissere Kierper aus dem baussenzege Sonnesystem sinn. Da wier de Sedna een no baussen gestreeten Objet vun der Kuiperceinture.

Hypothetesche Mound vum SednaÄnneren

Ufanks gouf observéiert, datt sech dat vum Sedna reflektéiert Sonneliicht periodisch all 40 Deeg ännert, wouraus op eng gläich laang Rotatiounsperiod geschlosse gouf. Fir e Klengplanéit wier dat eng aussergewéinlech lues Rotatioun, wat d'Fro no bremsenden Effeten erhieft. Eng Erklärungsméiglechkeet wieren d'Gezäitekräfte vun engem oder méi grousse Mounden. D'Beispiller vu Venus a Merkur weisen zwar, datt eng lues Rotatioun ouni Mound ka virkommen. De Merkur gouf allerdéngs duerch d'Gezäitekraaften vun der Sonn op eng 3:2-Resonanz mat senger Ëmlafzäit ofgebremst.

De 14. Abrëll 2004 hat d'NASA nei Biller vum Hubble-Weltraumteleskop publizéiert, op deenen no Ënnersich kee Begleeder z'erkennen ass. Ee Mound an der noutwendegern Gréisst misst erkannt si ginn, et sief just, hien hätt bei der Foto just vir oder hanner Sedna gestanen.

Vun Oktober 2004 bis Januar 2005 huet eng Grupp vum Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics ëm de Scott Gaudi eng Observatiounskampagne duerchgefouert, déi d'Resultater vum Brown et al. net bestätege konnt. Dës Grupp huet Rotatiounsperiode vun 10 respektiv 18 Stonnen ermëttelt, déi zu der Erklärung kee bremsenden Effet vun engem Mound brauchen. Duerch dës Miessunge kënnen Rotatiounsperioden vun iwwer 10 Deeg ausgeschloss ginn. No enger Meenung vum Gaudi kënnt déi ufanks gemoosse Period vu 40 Deeg duerch Hannergrondgalaxien virgetäuscht si ginn – et ginn awer nach weider Observatioune gebraucht, fir déi genee Rotatiounsperiod exakt bestëmmen ze kënnen.

Kuckt ochÄnneren

LiteraturÄnneren

  • B. Scott Gaudi, Krzysztof Z. Stanek, Joel D. Hartman, Matthew J. Holman, Brian A. McLeod: On the Rotation Period of (90377) Sedna, in The Astrophysical Journal, Vol. 629, Issue 1, S. L49–L52 (08/2005)
  • Mike Brown: Wie ich Pluto zur Strecke brachte und warum er es nicht anders verdient hat. Springer Spektrum, Berlin/Heidelberg 2012, ISBN 978-3-8274-2944-5.

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren