Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Stonn, vum alhéichdäitschen stunta „Stoen“, „Opethalt“, bezeechent de 24. Deel vun engem Dag. Dat laténgescht Wuert ass hora, dofir d'Zeechen „h“ oder „h“.

SI-Stonn änneren

Si ass eng Eenheet vun der Zäit. D'Eenheetszeechen ass h (laténgesch hora). Als gesetzlech Moosseenheet däerf si nieft der SI-Eenheet, der SI-Sekonn, gebraucht ginn.

1 Stonn = 60 Minutten = 3600 (SI)-Sekonnen

D'Andeelung vum Dag an zweemol zwielef, also véieranzwanzeg Stonne geet zeréck op d'Babylonier, déi d'Sexagesimalsystem gebraucht hunn. Déi babylonesch Stonnen waren zwar gläich laang, hunn awer bei Sonnenopgang ugefaangen, soudatt d'Moosszuel 12 Stonne jee no Joreszäit virun oder no Sonnenënnergang gefall sinn.


Well déi haiteg Atomaueren d'Zäit ganz genee miesse kënnen an d'Rotatiounsschnellegkeet vun der Äerd variéiert, gouf d'Stonn nei definéiert iwwer eng Sekonn, déi d'Atomzäit mat der astronomescher Universalzäit verbënnt.

Um Spaweck änneren

Commons: Stonn – Biller, Videoen oder Audiodateien