Herschel-Weltraumteleskop

Den Herschel Space Observatory, kuerz Herschel, ass den Numm vun engem 3,4 t schwéieren Infraroutweltraumteleskop. E gouf vun der europäescher Weltraumorganisatioun entwéckelt, an zesumme mam Planck-Weltraumteleskop mat enger Ariane-Rakéit de 14. Mee 2009 gestart. D'Teleskop ass op enger Ëmlafbunn ëm de Lagrangepunkt L2 vum Äerd-Sonn-System positionéiert a gouf nom Entdecker vun der Infraroutstralung, dem Wilhelm Herschel benannt.

Herschel
De Weltraumteleskop Herschel
Typ Weltraumteleskop
Land Europa
Agentur ESA
Apogeum
Perigeum
Bunnschréi
Mass 3402 kg
Bunn-Ëmlafzäit 1 Mount
Start 14. Mee 2009, 13:12 UTC
Startplaz Centre Spatial Guyanais ELA-3
Drorakéit Ariane 5 ECA
Status aktiv

Plangen an Ophuele vum Betrib änneren

De Projet gouf 1984 ënner dem Numm Far Infrared and Submillimetre Telescope (FIRST) gestart. Käschtepunkt ongeféier 1,1 Milliarden Euro. Den Haaptspigel huet en Duerchmiesser vun 3,5 Meter, deen aus 12 Siliciumcarbidsegmenter bei der EADS-Astrium zu Toulouse gesintert gouf. Den Herschel hat domat de gréisste Spigel deen aus engem Stéck ass, dee bis du fir e Weltraumteleskop gebaut gouf.[1] Den Herschel wäert also fir en ettlech Joer de Weltraumteleskop mat dem gréisste Spigel sinn an an där Eegenschaft eréischt vum James Webb Space Telescope ofgeléist ginn (viraussiichtlech 2018), dat awer en opklappbare Spigel soll hunn. E Weltraumteleskop mat méi engem groussen eendeelege Spigel ass net geplangt.

Zu den Haaptziler vum Herschel gehéieren Ënnersich vun der

  • Genesis an Entwécklung vu Galaxien, besonnesch vu jonke Galaxien, déi wäit ewech sinn, déi duerch hire Stëbsgehalt haaptsächlech am wäiten Infrarout ausstralen;
  • Genesis an Entwécklung vu Stären, zum Beispill duerch groussflächeg Sich no de fréiesten Entwécklungsphase vun de Stären;
  • Physik a Chimie vun der interstellarer Matière;
  • Objeten an eisem Sonnesystem (Koméiten a Planéitenatmosphären).

No en ettleche Verrécklunge war de Start de 14. Mee 2009 um 13:12 Auer UTC. Nom Brennschluss vun der Uewerstuf gouf um 13:38 UTC d'Herschel-Teleskop e puer Minutte virum Planck-Weltraumteleskop op enger héichelliptescher Ëmlafbunn mat enger Apogäeumhéicht vun 1.197.080 km an enger Bunnschréi vu 6° zum Equator ausgesat. Vun deem Orbit aus gouf hien undriffsfräi bannent 60 Deeg an d'Bunn ëm de Lagrangepunkt L2 vum Äerd-Sonn-System bruecht.[2] D'Weltraumteleskop flitt op enger 0,8-Millioune Kilometer gousser Halo-Bunn ëm dee Punkt.[2] Deen ass, vun der Sonn aus gesinn, ongeféier 1,5 Millioune Kilometer hanner der Äerd.

Technik änneren

 
De Chassis fir den Heterodyn-Spektrometer, eent vun den Instrumenter vum Herschel, aus engem massiven Aluminiumblock gefräst

U Bord sinn dräi Instrumenter (Kameraen a Spektrometer), déi an der wäiten infrarouden (Terahertzstralung) an am Submillimeterberäich vum elektromagnéitesche Spektrum bei Wellelängten tëscht 57 an 670 µm schaffen. Dee Beräich ka vum Äerdbuedem aus wéinst der ageschränkter atmosphärescher Fënster net observéiert ginn.

D'Experimenter sinn:

Wéinst senger Gréisst kann den Herschel net wéi fréier Infraroutweltraumteleskopen (zum Beispill Infrared Astronomical Satellite (IRAS), Infrared Space Observatory (ISO), Spitzer-Weltraumteleskop) ganz mat flëssegem Helium gekillt ginn. Dofir gëtt säin eigentlecht Teleskop mat engem Schëld virun der Sonnestralung ofgeschiermt, soudatt et duerch Wäermtofstralung an de Weltraum passiv op ënner 90 Kelvin (−183 °C) ofkille kann. Nëmmen déi dräi Instrumenter gi mat flëssegem Helium gekillt, dat fir e Betrib vun op d'mannst dräi Joer duergoe soll.

Resultater änneren

Den 19. Juni 2009 huet d'ESA éischt Fotoe vum Weltraumteleskop publizéiert, dat zanter dem 14. Juni 2009 a Betrib ass.[3] Si weisen d'Spiralgalaxis Messier 51, déi ronn 37 Millioune Liichtjoer vun eis ewech läit.[4] An der Folleg erweidert Herschel d'Kenntnesser iwwer d'Genesis vun de Stären an huet och Stierm aus molekularem Gas a Galaxien nogewisen déi Wäit ewech sinn.

Viraussiichtlecht Missiounsenn änneren

Dem Herschel säi flëssegen Helium, dee beim Verdonste seng Detektere killt, sollt am Mäerz 2013 komplett verdonst sinn. Nei Pronostike sinn Enn Abrëll 2013 nach net bekannt.

Et ass da virgesinn, den Herschel aus senger Bunn ëm L2 ofzezéien. Den Herschel kéint dann an eng Kierfechtsbunn oder op e Kurs zum Äerdmound bruecht ginn. Mëtt 2013 kéint dann d'Weltraumteleskop - mat ongeféier 6960 km/h - an engem Krater um Moundpol opschloen, fir datt da mat Weltraum- an ierdeschen Teleskopen, souwéi mat der Raumsond LRO, am Ausworfmaterial vum Aschlag, no Waasser an anere volatile Stoffer gesicht ka ginn[5].

Technesch Daten änneren

Herschel-Weltraumteleskop Infrared Space Observatory (ISO) />(Éischten Infraroutsatellit vun der ESA)
Startmass 3402 kg[6] 2498 kg
Eidel Mass ongeféier 2800 kg[7]. ?
Kryostat 2367 l suprafluides Helium-4, Temp. 1,6 K[1] 2250 l suprafluides Helium-4, Temp. 1,8 K
Aktiv Killung vu bestëmmten Detektere mat Helium-3 op 0,3 K[1] net disponibel
Héicht 7,5 m 5,3 m
Duerchmiesser oder Breet 4,0 m 2,3 m
Spigelduerchmiesser 3,5 m 0,6 m
Teleskopmass 300 kg ?
Asazdauer 3,5 Joer (geplangt) ongeféier 2 Joer a 7 Méint
Bunn Halobunn, 0,8 Mio km ëm L2 Äerd-Sonn[1][2] Äerdëmlafbunn 1.038–70.578 km héich
Drorakéit Ariane-5-ECA Ariane 44P
Startdatum 14. Mee 2009 19. November 1995
Missiounsenn Enn Mäerz 2013 16. Mee 1998
Präis 1,1 Mrd. Euro (geplangt)[8] ?

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Herschel – Biller, Videoen oder Audiodateien


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (19771997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2009)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Dietrich Lemke: Das Weltraumteleskop Herschel vor dem Start.
  2. 2,0 2,1 2,2 Martin Hechler: Die Bahnen der Weltraumteleskope Herschel und Planck
  3. *ESA Herschel Bilder http://www.esa.int/SPECIALS/Herschel/SEM76A0P0WF_0.html
  4. http://science.orf.at/science/news/156073
  5. Stephen Clark: Scientists could aim derelict telescope for moon impact, in Spaceflight now, Datum: 26. Oktober 2012, Abgerufen: 29. Oktober 2012
  6. http://www.astrium.eads.net/de/press-center/launch-kits/2009/flight-188-ariane-5-satellites-herschel-planck/launch-kit-flight-188-pdf
  7. Stephen Clark: Scientists could aim derelict telescope for moon impact, in Spaceflight now, Datum: 26. Oktober 2012, Ofgeruff: 29. Oktober 2012
  8. wdrblog.de Teleskop Herschel a Planck am Weltall