D'Oort-Wollek, heinansdo och als Zirkumsolar Koméitewollek oder Öpik-Oort-Wollek bezeechent, ass eng hypothetesch an net sécher nogewisen Unheefung vun astronomeschen Objeten am baussenzege Beräich vun eisem Sonnesystem.

Oort-Wollek (netmoossstäblecht Schema)
Oort-Wollek (NASA-Graphik)

Theorie änneren

D'Wollek gouf 1950 vum hollänneschen Astronom Jan Hendrik Oort als Urspronksplaz vun de laangperiodesche Koméite postuléiert. Den Oort hat dobäi e Virschlag vum estneschen Astronom Ernst Öpik vun 1932 opgegraff.

Den Oort hat seng Hypothees mat Ënnersich vu Koméitebunnen a mat der Iwwerleeung begrënnt, datt d'Koméiten net aus de bekannte Regioune vum Sonnesystem stame kéinten, wéi bis dohin ugeholl gouf. D'Koméite ginn am Verlaf vun ettleche Passagen am Beräich vun de Planéiten, duerch de staarke Sonnewand an duerch d'Formung vum Koméiteschwäif zerstéiert. No dësen ale Virstellungen däerfte si dofir haut net méi virkommen.

Ausmooss änneren

Der Theorie no ëmschléisst déi vum Oort ugeholle "Wollek" schuelefërmeg déi iwwereg Zone vum Sonnesystem an engem Ofstand zu der Sonn vu bis zu 100.000 Astronomeschen Eenheeten (AE), wat ronn 1,6 Liichtjoer entspriechen. Am Verglach dozou ass deen nächste Stär Proxima Centauri 4,2 Liichtjoer an de sonnewäiteste Planéit Neptun 30 AE vun der Sonn ewech. Déi vum Sonnewand duerchstréimt Heliosphär huet e geschate Radius vu ronn 110 bis 150 AE. D'Zuel vun den Objete läit geschat tëscht honnert Milliarden an enger Billioun. Méiglecherweis geet d'Wollek vum Oort kontinuéierlech an d'Kuiperceinture iwwer, deem seng Objeten awer géint d'Ekliptik konzentréiert sinn.

Genesis änneren

D'Wollek vum Oort besteet no haiteger Opfaassung aus Gestengs-, Stëbs- an Äiskierper vun ënnerschiddleche Gréissten, déi bei der Genesis vum Sonnesystem an dem Zesummeschloss zu Planéiten iwwereg bliwwe sinn. Dës sougenannte Planéitesimale goufe vum Jupiter an den anere grousse Planéiten an déi baussenzeg Beräicher vum Sonnesystem geschleidert. Duerch de gravitativen Afloss vun Nopeschstäre goufen d'Bunne vun den Objete mat der Zäit sou gestéiert, datt si haut bal isotrop an enger Schuel ëm d'Sonn verdeelt sinn. Wéinst der wäit gréisserer Distanz zu den Nopeschstäre sinn d'Objete vun der Oort-Wollek trotz hirer relativ grousser Distanz zu der Sonn gravitativ un dës gebonnen, also feste Bestanddeel vum Sonnesystem.

Koméiten änneren

 
Oort-Wollek, Kuiperceinture an d'Ëmlafbunn vum Sedna am Verglach

Duerch den Afloss vun de Gravitatiounsfelder vun den Nopeschstäre souwéi de galaktesche Gezäiten ginn d'Ëmlafbunne vun den Objeten aus der Oort-Wollek gestéiert an ettlech vun hinne geroden an dat bannenzegt Sonnesystem. Do triede si dann als laangperiodesch Koméite mat enger Period vun e puer dausend Joer, op. Kuerzperiodesch Koméite kënne sech net an der Oort-Wollek formen, well d'Stéierung duerch déi grouss Gasplanéiten déi dofir gebraucht gëtt net effektiv genuch wier.

D'Wollek vum Oort ass net déi eenzeg Urspronksplaz vu Koméiten. Koméite mat enger mëttlerer Periodelängt stamen aus der Kuiperceinture.

Onkloer Ofgrenzung änneren

En direkten Nowäis vun der Oort-Wollek duerch Observatioun ass och an Zukunft net z'erwaarden, awer et gëtt genuch indirekt Unzeechen, soudatt hir Existenz zimmlech sécher ass. D'Wollek vum Oort gëtt ënnerdeelt an eng (bis elo net observéiert) bannenzeg Oort-Wollek an eng baussenzeg Oort-Wollek, woubäi d'Grenz bei enger grousser Hallefachs vun der Ëmlafbunn vun 10.000 bis 20.000 AE ugeholl gëtt. Grond fir dës Ënnerdeelung ass d'Jupiter-Barriär, déi verhënnert, datt Koméite mat enger grousser Hallefachs méi kleng wéi 10.000 AE an dat bannenzegt Sonnesystem komme kënnen. Objete vun der bannenzeger Oort-Wollek gëllen dofir de facto als net observéierbar.

D'Entdecker vum extreem wäit baussenzege Planetoid Sedna – mat engem Aphel vun ongeféier 926 AE – hu virgeschloen dësen Objet zu der bannenzeger Oort-Wollek ze zielen, déi awer bis elo net allgemeng akzeptéiert ass.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Oort Wollek – Biller, Videoen oder Audiodateien