D'Ursa-Major-Grupp ass de gréissten an hellsten Oppene Stärekoup um Nuetshimmel. Si besteet aus bal allen helle Stäre vum Stärebild Ursa Major an huet bis op den Dubhe (α UMa) an de Benetnasch (η UMa) all Stäre vum Ursa Major souwéi weider Stären a senger Ëmgéigend.

Date vun der Ursa-Major-Grupp (Beweegungskoup)
De Grousse Won bilt de Kär vun der Ursa-Major-Grupp
Däitschen Numm Großer Wagen Gruppe
Engleschen Numm Ursa Major Moving Cluster, Big Dipper
Katalogbezeechnung Cr 285
Rektaszensioun 12h 25m
Deklinatioun +56°
Equinoxe 2000.0
Visuell Magnitude 0,4m
Distanz 75 Liichtjoer
Wénkelduerchmiesser 20 Grad
Absolutten Duerchmiesser 30 Liichtjoer
Alter ? 10? Joer
Hellste Stär ε UMa 1,8m
Stärebild Ursa Major (UMa)

D'Gréisst vun der Grupp huet 20°, bei enger mëttlerer Distanz vu 75 Liichtjoer also ongeféier 30 Liichtjoer. Hiren hellste Stär ass den Alioth (ε UMa) mat enger Hellegkeet vun 1,77 mag, d'Totalhellegkeet vum Koup ass (jee no Definitioun) op d'mannst 0,4 mag.

Den opfällege Stärenzuch vum Koup ass als Asterismus zanter Joerdausende bekannt. Wéi aner Stärekéip, déi wéinst hirer Noegkeet e grousse Wénkelduerchmiesser hunn (z. B. d'Hyaden an d'Coma Berenices), gouf hien awer net an de Standard-Kataloge Messier, NGC oder IC opgeholl. Eréischt de Per Collinder huet hien am Joer 1931 a säi Katalog mat oppene Stärekéip ënner der Bezeechnung Collinder 285 opgeholl.

Beweegungskoup Ursa-Major-Stroum („Bierestroum“) änneren

D'Ursa-Major-Grupp ass e sougenannte Beweegungskoup, d. h. d'Stären hunn eng änlech Eegebeweegung vu ronn 14 km/s mat engem Vertex (Zilpunkt) beim Stärebild Sagittarius, relativ zur Sonn sinn et zirka 29 km/s. Iwwer déi parallel Beweegung goufen och iwwer 150 aner Stären,déi um Himmel méi wäit ewech erschéngen, als Deel vun dëser Grupp identifizéiert; déi hellste vun hinne sinn Sirius (α CMa), Menkalinan (β Aur), Gemma (α CBr), Delta Aquarii (δ Aqr, Skat) an Beta Serpentis (β Ser). Fir d'Ënnerscheedung vum Stärebild Ursa Major nennt nennt een d'Grupp vun all dëser physikalesch zesummegehéierende Stären och Ursa-Major-Stroum oder Bierestroum, an d'Ursa-Major-Grupp mécht, als säin dichtsten Deel, den Zentrum vun dësem Stroum.

Eist Sonnesystem steet um Randberäich vun dësem Stroum, wéi een doraus gesäit, datt de Sirius (respektiv Skat) an de grousse Won (Ursa Major) sech um Nuetshimmel bal diametral (130-140°) géintiwwer leien. Eis Sonn ass net Deel vum Ursa-Major-Stroum, si beweegt sech an eng aner Richtung.

Gruppemember änneren

Kärstären (Ursa Major an Ëmgéigend):

Weider Stroumstären (alphabetesch no Stärebiller):

Quellen a Literatur änneren

  • J.Bennett, M.Donahue, N.Schneider, M.Voith: Astronomie, Hsg.Harald Lesch, 5.Auflage (1170 S.), Pearson-Studienverlag, München-Boston-Harlow-Sydney-Madrid 2010
  • H.Zimmermann, A.Weigert: Lexikon der Astronomie, Spektrum Akadem.Verlag, Heidelberg-Berlin.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren