Den Alkor - och "Reiderlein" genannt – ass ee mat bloussem A siichtbare Begleeder vum helle Stär Mizar (ζ oder 79 UMa) am Stärebild Ursa Major. Den Alkor huet d'Bezeechnung 80 Ursae Maioris (80 UMa). Seng Distanz zu eis ass ronn 81 Liichtjoer. Den Numm (arab.) bedeit souvill wéi "den Erniddregten". Aner alarabesch Nimm si Saidak oder Suha.

Kaart vum Stärebild Ursa Major

En normaalt gutt A kann den Alkor bei klorem Himmel als Stär vun der 4. Gréisst nërdlech vum Mizar, dem mëttelsten Deichselstär vum grousse Won, erkennen (Aepréifer). De Wénkelofstand ass 11'50" (den tatsächlechen Ofstand vum Stär ass ongeféier 3 Liichtjoer). Den Alkor selwer ass en spektroskopeschen Duebelstär, dee mat engem weideren, onsiichtbare Begleeder souguer en Dräifachsystem ass.

D'Eegebeweegunge vu Mizar an Alkor weisen, datt si sech openeen zou beweegen. Wann den Alkor gravitativ un de Mizar gebonnen ass an ëm si kreest, wier d'Ëmlafzäit mat 800.000 Joer ongewéinlech laang. Well de Mizar selwer e Véierfachsystem ass, wier den "Aepréifer" souguer e siwefacht Stäresystem.

No enger indianescher Virstellung ass de Mizar eng Fra, déi e Kand (Alkor) um Réck dréit. Eng griichesch Iwwerliwwerung seet, den Alkor wier eent vun de 7 Gesëschter, déi virun de Plejaden (Siwegestir) fortgelaf wieren (de bekannte Stärekoup huet nëmme 6 hell Stären).

Koordinaten (Equinoxe 2000.0)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie