E Beweegungskoup oder Beweegungsstärekoup ass eng labber Grupp vu Stären, déi net duerch eng raimlech Konzentratioun ëm ee Koupzenter, mä duerch eng kollektiv Beweegungsrichtung op e Konvergenz- oder Fluchtpunkt hin, dee wäit ewech läit, charakteriséiert sinn.

Si hunn zwar e kollektive Urspronk (kuckt Stär), kënne sech awer am Laf vu Joermilliounen duerch hiren niddrege gravitativen Zesummenhank verléieren. Den Iwwergang zum Typus Oppene Stärekoup resp. Stärenassociatioun ass fléissend. Wann e Beweegungskoup ganz no beim Sonnesystem läit - wéi beispillsweis de Bierestroum mat 5 helle Stäre vum Grousse Won - kann ee säin Zesummenhank net méi direkt, mä nëmmen an den Eegebeewegungen erkennen.

Bekannt Beispiller vu Beweegungskéip, sinn d'Hyaden am Taurus an d'Praesepe am Stärebild Cancer. Dogéint gehéieren d'Plejaden wéinst hirer Stärekonzentratioun zu den Oppene Stärekéip.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie