De Mizar ass de Stär Zeta Ursae Maioris (ζ Uma) am Stärebild Ursa Major (Grousse Bier). De Mizar ass de mëttleren Täisselstär vun der Konstellatioun Grousse Won. Hien ass 78 Liichtjoer vun eis ewech. Zanter laanger Zäit ass bekannt, datt hien a Wierklechkeet e System aus véier Stären duerstellt a mat fënnef Nopeschsonnen eng labber Assoziatioun bilt.

Mizar A a B (ënne lénks) an Alkor (uewe riets)

Duebel- respektiv Méifachstär änneren

Besonnesch bekannt ass de Stär 2. Gréisst, well deen e Begleeder huet deen ee mat bloussem A gesäit: den Alkor, dee bei donkelem Himmel mam A gutt ze gesinn ass. Bei der réimescher Arméi gouf hien als Aepréifer benotzt. (Wénkelofstand 11'50", tatsächlech dräi Liichtjoer).

De Mizar selwer ass e visuellen Duebelstär, dee scho mat Teleskope mat fënnef Zentimeter Objektivëffnung eenzel ze gesinn ass. Seng Komponente si +2,3 mag a +4,0 mag hell, se sinn allebéid vum Spektraltyp A2 a stinn an engem Wénkelofstand vu 14,4 " am Positiounswénkel vun 153°.

Koordinaten (Equinoxe 2000.0)

Member vum "Bierestroum" änneren

Mat véier anere vu siwen helle Wonstäre gehéieren de Mizar an den Alkor zum sougenannte Bierestroum, engem labbere Beweegungskoup vu ronn 150 iwwer den hallwen Himmel verdeelt Stären. Eis Sonn läit nach am Beräich vun där Grupp, beweegt sech awer an eng aner Richtung.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Mizar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren