Gemma (laténgesch: Eedelsteen) ass den Numm vum Stär Alpha am Stärebild Corona borealis.

De Stär α (Gemma) am Stärebild Corona Borealis

De Stär, deen heiansdo Alphekka oder Alphecca genannt gëtt, wat op Arabesch Heeschemannsschossel mat zackegem Rand heescht, ass 80 Liichtjoer vun der Äerd ewech a gehéiert zu der Spektralklass A0V + G5V. De Gemma ass e bedeckungsverännerleche Stär vum Typ Algol. D'Hellegkeet vum Gemma variéiert mat enger Period vu 17,36 Deeg tëscht +2,16 mag an +2,30 mag, wat dem Observateur knapps opfält.

De Gemma gehéiert och zur Ursa-Major-Grupp, dat heescht hien huet eng änlech Eegebeweegung wéi Deeler vum Stärebild Ursa Major an ass dofir och entwécklungsgeschichtlech mat deene Stäre Famill.

De Gemma oder och Alpha Coronae Borealis genannt, ass e wäissen Haaptreiestär. Seng Liichtkraaft ass déi 60-fach vun eiser Sonn. Seng Uewerflächentemperatur ass zirka 9.500 Kelvin. No neiste Fuerschunge léisst sech den Duerchmiesser vum Alpha Coronae Borealis op dat 2,8-facht vun eiser Sonn berechnen.

Koordinaten (Equinoxe 2000.0)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie