Luitgard vu Lëtzebuerg

Gräfin

D'Luitgard vu Lëtzebuerg (och: Lutgardis, Liutgardis, Liutgarde a Lutgard), gebuer ëm 955-960 a gestuerwen de 14. September 1005 oder dono, war eng Duechter vum Grof Siegfried I. vu Lëtzebuerg a senger Fra Hedwig vum Nordgau. Si huet sech 980 mam Arnulf vu Gent (och: Arnulf vun Holland) bestuet. Zesummen hate si follgend Kanner:

Luitgard vu Lëtzebuerg
Gebuer 955 jul.
Bréissel
Gestuerwen 14. Mee 1005 jul.
Aktivitéit Politiker
Famill
Papp Siegfried vu Lëtzebuerg
Mamm Hedwig vum Nordgau
Geschwëster Kunigunde vu Lëtzebuerg, Thierry vu Lëtzebuerg, Heinrich I. vu Lëtzebuerg, Friedrich vu Lëtzebuerg, Adalbero vu Lëtzebuerg, Giselbert

Nom Doud vun hirem Mann huet si, bis hire Jong groussjäreg war, d'Regence iwwer seng Ierfschaft iwwerholl. Fir hirem Mann säi Séilenheel ze garantéieren, huet si der Sint-Pietersabtei vu Gent den 20. September 993 hir Besëtzer zu Rugge geschenkt.

An engem Sträit mat de Westfriesen huet se 1005 hire Schwoer, de Kinnek Heinrich II., ëm Hëllef misse ruffen, deen eng Flott lassgeschéckt huet, a mat gehollef huet de Sträit ze zëssen.

D'Liutgard ass zu Egmond an der Sint-Adelbertabtei begruewen.