René Klein

lëtzebuergesche Lycéesprofesser, Historiker an Heraldiker

De René Klein, de 7. Dezember 1945 zu Rëmeleng gebuer, ass e lëtzebuergesche Lycéesprofesser, Historiker, Heraldiker a Genealog.

René Klein
Gebuer 7. Dezember 1945
Rëmeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lycéesprofesser, Historiker, Heraldiker, Genealog

Säi Liewen änneren

De Klein huet en Doktertitel an den Naturwëssenschafte gemaach an am Escher Jongelycée als Professer geschafft[1]

Zënter 1993 ass hie Member an zënter 2003 President vun der Staatlecher Heraldik-Commissioun, déi sech exklusiv mat de Staatssymbole vu Lëtzebuerg befaasst[2], ass hien ee vun de féierenden Heraldiker vum Land. Zënter 1978 ass e Korrespondéirende Member vun der 1845 gegrënnter Geschichtlecher Sectioun vum Groussherzoglechen Institut[3] an zënter 1999 Assoziéierte Member vun der Internationaler Heraldikakademie[4].

De Klein verëffentlecht op Basis vu senge Recherchë reegelméisseg Aufsätz an der Zäitschrëft Hémecht, schonn iwwer honnert un der Zuel[5]. Iwwer d'Grenze vum Land eraus huet en 1998 op sech opmierksam gemaach, wéi en d'Thes vertrueden huet, de Grof Siegfried († 998) wier net wéi soss allgemeng ugeholl e Bouf vum Pfalzgrof Wigerich († v. 922), mee e Bouf vum Herzog Giselbert vu Loutrengen († 939)[6].

De Klein lieft zu Rolleng an der Gemeng Péiteng, heen ass do zënter 1979 President vun der Kierchefabrik Rolleng, zënter 1987 President vum Gesankveräin Rolleng[5] a Kommiteesmember vun de Péitenger Geschichtsfrënn.[7].

Gielercher änneren

  • 2012: Kulturpräis vun der Gemeng Péiteng[5]

Schrëften (Auswiel) änneren

  • Ursprung der Herren von Sassenheim. In: Hémecht, 26, 1974, S. 515–521
  • Wappen und Ursprung der Herren von Kayl. In: Hémecht, 27, 1975, S. 95-102
  • Die ersten Herren von Zolver (1123–1259). In: Hémecht, 28, 1976, S. 35–54
  • Untersuchungen über die Vögte der Trierer Abtei St. Maximin auf luxemburgischem Gebiet. In: KurtrierJb, 1977, S. 5–11
  • Hexen in Sassenheim. 30. Anniversaire Aweiung vum Terrain vum Suessemer Sportsclub, 21. August 1977, S. 41-48
  • Zur Genealogie der Herren von Kayl. In: Hémecht, 30, 1978, S. 273-282
  • Die drei freien Dörfer Differdingen, Oberkorn und Niederkorn. Untersuchung über das Datum der Befreiung. In: Hémecht, 30, 1978, S. 403–408
  • Die Reihe der Münsteräbte von 1083 bis 1407. In: Hémecht, 32, 1980, S. 385–391
  • Tatsachen aus der Geschichte der Gemeinde Sassenheim. Gemeng Suessem, Schoulmaterial fir en Abléck an d'Geschicht vun der Gemeng, ondatéiert
  • Die Erben Alexanders von Zolver (1259-1318). In: Hémecht, 34, 1982, S. 413-436
  • Die Luxemburger Ritterfamilien mit den drei Seeblättern im Wappen. In: Hémecht, 35, 1983, S. 493–505
  • Die Heraldik im Dienst der Lokalgeschichte. In: De Familljefuerscher, 9, Dezember 1986, S. 17–21
  • Das Luxemburger Münzsystem zur Zeit der Gräfin Ermesinde. In: Hémecht, 44, 1992, S. 571–576
  • Burg und Herrschaft. In: 1200 Joer Buerg Zolwer, 25. Anniversaire vum Syndicat d'Initiative vun Zolwer, 1993, S. 39–50
  • Der Luxemburger Denar unter Graf Heinrich V. (1247–1281). In: Hémecht, 46, 1994, S. 439–447
  • Genealogie und Ursprung der ersten Herren von Hamm in der Eifel (1239–1357). In: Hémecht, 49, 1997, S. 423–430
  • Wer waren die Eltern des Grafen Sigfrid? Eine neue Hypothese zum Ursprung des ersten Luxemburger Grafenhauses. In: Luxemburgische Gesellschaft für Genealogie und Heraldik, Jahrbuch 1998 - Association Luxembourgeoise de Généalogie et d'Héraldique, Annuaire 1998, S. 9–27
  • Origine des comtes de Salm de la Maison de Vianden. In : Hémecht, 50, 1998, S. 113–116
  • Die Münzreform Pippins. In : Hémecht, 50 (1998), S. 223–228
  • Réflexions sur les armoiries de la Famille Grand-Ducale. In: Hémecht, 2000, S. 317–325
  • Die Merlette. Eine Wappenfigur verändert sich. In: De Familljefuerscher, 57, Januar 2000, S. 6–7
  • Die Anfänge der Grafen von Vianden und Klerf. In: Hémecht, 53, 2001, S. 609–614
  • Die Siegel der Stadt Luxemburg. In: Hémecht, 53, 2001, S. 121–133
  • Das Wappen der Herren von Klerf aus dem Hause Meysemburg. In: Hémecht, 54, 2002, S. 569–572
  • Der Sassenheimer Bruderzwist. In: 75. Anniversaire CTF Suessem, 2003, S. 35-43
  • Luxemburger Wappen im "Armorial Bellenville". In: Hémecht. 57, 2005, S. 199–209
  • à propos… des armoiries de S.A.R. le Grand-Duc de Luxembourg. Informatiouns- a Presseservice vun der Regierung, 2006
  • Les souverains de Pétange, Rodange et Lamadelaine de Charlemagne au Grand-Duc Henri. In: De Familljefuerscher, 86, Dezember 2011/Januar 2012, S. 3–56

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. V. Escher Jongelycée. In: Mémorial B – N° 87 vum 13. Dezember 2004, Educatiounsministère, Nominatioun vun den Examenscommissioune fir d'Joer 2005, S. 1255.
  2. Avis vum 14. Mäerz 2007. Staatlech Heraldik-Commissioun, Postioun zur Gesetzespropositioun 5617 iwwer d'national Emblèmer.
  3. Korrespondérend Memberen. Geschichtlech Sectioun, Groussherzoglecht Institut.
  4. 180 (1999) Här Professer Dr. René Klein. In: International Heraldikakademie. Lëscht vun de Membere vum 1. Januar 2014. Le Bureau. International Heraldikakademie, 2010, S. 10.
  5. 5,0 5,1 5,2 Sport- a Kulturschafend vun der gemeng geéiert. Wort, 19. Oktober 2012.
  6. Dem René Klein seng Theorie vum Giselbert vu Loutrengen als Papp vum Sigfrid. In: Jean-Claude Muller: 28.10.998: Virun 1000 Joer ass de Grof Sigfrid gestuerwen. Nei Fuerschungen zum éischte Lëtzebuerger Grofenhaus. De Familljefuerscher, 53, November 1998, S. 6–11.
  7. Aufgabe vun de Geschichtsfrënn si kloer definéiert. Wort, 24. Januar 2012.