Thierry vu Lëtzebuerg

Bëschof vu Metz

Den Thierry vu Lëtzebuerg, gestuerwen den 30. Abrëll 1047 zu Metz, war als Thierry II. (de.: Dietrich II.) vun 1005 bis 1047 Bëschof vu Metz.

Thierry vu Lëtzebuerg
Gebuer 10. Joerhonnert jul.
Gestuerwen 30. Abrëll 1047 jul.
Aktivitéit kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof
Famill
Papp Siegfried vu Lëtzebuerg
Mamm Hedwig vum Nordgau
Geschwëster Giselbert, Adalbero vu Lëtzebuerg, Friedrich vu Lëtzebuerg, Heinrich I. vu Lëtzebuerg, Kunigunde vu Lëtzebuerg, Luitgard

Den Thierry war ee vun de Jonge vum Grof Siegfried I. vu Lëtzebuerg a senger Fra Hedwig vum Nordgau.

1014 huet hien de Grondstee vun der Kathedral Saint-Étienne vu Metz geluecht. Dës gouf allerdéngs eréischt 1546 fäerdeg gebaut. Hie selwer gouf 1047 an deem Deel vun der Kathedral, deen du scho stoung, bäigesat. Säi Graf gouf an der Franséischer Revolutioun zerstéiert.

Virgänger Nofollger
Adalbero II. vu Metz Bëscheef vu Metz Adalbero III. vu Metz