Frédéric I. vu Loutrengen

De Frédéric I. vu Bar, resp. vu Loutrengen, gestuerwen den 18. Mee 978, aus der Famill vun de Wigerichen, war e Jong vum Palzgrof Wigerich an der Karolengerin Kunigunde, engem Kandskand vum Louis dem Tuddeler. Hie war zanter ca. 955 Grof vu Bar an zanter 959 Herzog vun Uewerloutrengen.

Frédéric I. vu Loutrengen
Titelen
Grof vu Bar
Zäit 955 bis 978
Nofollger Thierry I. vu Loutrengen
Biographie
Gebuer onbekannt
onbekannt
Gestuerwen 18. Mee 978
onbekannt
Bestuet mat Beatrice vu Paräis
Papp Wigerich vun Ardennen
Mamm Kunigunde vu Verdun
Geschwëster Adalbero vu Metz, Siegfried vu Lëtzebuerg, Gozelo, Giselbert, Liutgarde vun Ardennen
Kanner Adalbero II., Thierry I.

942 hat hien den Titel Dux Lotharingiae, woubäi et säin Hallefbrudder Otto vu Verdun († 944 war, deen den Herzogstitel vu Loutrengen hat.

Hien huet mam Bëschof vun Toul Territoirë getosch, a gouf sou Här vun der Grofschaft Bar. 954/955 huet hien d'Béatrice de France († op engem 23. August no 987), d'Duechter vum Dux Francorum Hugo de Groussen (Robertiner) an der Hadwig, der Sëschter vum Hugo Capet bestuet. Mat deem Bestietnes koum hien an de Genoss vum Akommes vun der Abtei vu Saint-Denis, dorënner och dee vun der Abtei vu Saint-Mihiel.

959 gouf hien dunn tatsächlech Meeschter vum Herzogtum Loutrengen, wéi ee vu sengen abestuete Mononken, de Liudolfinger Bruno, deen zanter 953 Äerzbëschof vu Köln war, deem säi Stellvertrieder a Loutrengen gouf.

Kanner vun him an der Béatrice waren:

Um Spaweck änneren