Adalbero I. vu Metz

Bëschof vu Metz

Den Adalbero I. vu Metz och als Adalbert oder Albéron bekannt, gebuer ëm 905 a gestuerwen de 26. Abrëll 962 zu Sint-Truiden, war vun 929 bis 954 Bëschof vu Metz a vun 944 un Abt vu Sint-Truiden.

Adalbero I. vu Metz
Gebuer 910 jul.
onbekannt
Gestuerwen 26. Abrëll 962
Sint-Truiden
Aktivitéit kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof
Famill
Papp Wigerich vun Ardennen
Mamm Kunigunde vu Verdun
Geschwëster Siegfried vu Lëtzebuerg, Friedrich vu Loutrengen, Gozelo, Giselbert, Liutgarde vun Ardennen

Den Adelbero war eent vun de Kanner vum Grof Wigerich an der Gräfin Kunigunde[1].

Den Adalbero gouf 929 Bëschof vu Metz, wou hien den Nofollger vum Bëschof Benno gouf. Hien ass derfir bekannt datt e bei de Streidereien ëm Loutrengen tëscht dem Louis IV. vu Frankräich an dem Keeser Otto I., de Bistum Metz géint de Keeser verdeedegt huet.

Als Kierchemann huet hie verschidde Kléischter reforméiert, ugefaange mat der Abtei vu Gorze wou hien als Reformateur de Jean de Vandières als Abt agesat huet. 941 huet hien d'Chouerhären aus der Abtei Saint-Arnould erausgehäit a Bendiktiner ënner dem Abt Heribert vu Gorze an d'Plaz gesat. 944 gouf hien Abt vun der Abtei Sint-Truiden déi hie gréisstendeels nei opriichte gelooss huet a wou hien och gestuerwen ass.

Virgänger Nofollger
Benno vu Metz Bëscheef vu Metz Thierry I. vu Metz

Referenzen änneren

  1. och dacks als Kunigunde vu Frankräich oder Kunigunde vu Gent ernimmt