Kapell Lëtzebuerg-Sichenhaff

D'Kapell vum Sichenhaff ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

Kapell vum Sichenhaff
D'Kapell vum Sichenhaff vum Kierfecht aus gesinn (2013)

D'Kapell vum Sichenhaff
vum Kierfecht aus gesinn (2013)
D'Kapell vum Sichenhaff
vum Kierfecht aus gesinn (2013)
Uertschaft / Plaz Sichenhaff
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Péitrus
vu Verona
Koordinaten 49° 37’ 14.7’’ N
      06° 07’ 58.4’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Péitrus vu Verona (Saint-Pierre Martyr, och Péitrus vu Mailand genannt), deem säi Fest den 29. Abrëll gefeiert gëtt.

D'Kapell steet um Kierfecht vum Sichenhaff, deen op der Kräizung vum Val des Bons Malades mat der rue St. Matthieu, dem CR218, ass.

Zur fréierer Par Lëtzebuerg-Pafendall gehéiert ausser der Kapell vum Sichenhaff och nach d'Parkierch vum Pafendall.

Geschicht änneren

D'Kapell war fréier en Deel vun der Leproserie, déi op där Plaz, baussent der Festung, vun ufanks dem 13. Joerhonnert bis zirka 1770 bestanen huet. Am 15. Joerhonnert ass d'Kapell vergréissert ginn. Am Joer 1683 gouf se duerch d'Bombardéierunge vun den Truppe vum Louis XIV. staark beschiedegt, awer nees opgebaut. Am 18. Joerhonnert krut se d'Ausgesinn wéi et haut nach ass. 1982 gouf se komplett renovéiert.

De Mobiliar vun der Kapell gouf vum Kënschtler Nicolas Anseaux am Régence-Stil gemaach.

Haut gëtt d'Kapell als Morgue vum Kierfecht benotzt.

Klacken änneren

Déi al Klack vu 1752 aus der Kapell hat e Rass a gëtt haut am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg versuergt.

De 15. Mäerz 2014 goufe vum Doumhär Henri Hamus an der Parkierch vum Pafendall zwou nei Klacke fir d'Kapell vum Sichenhaff ageweit. D'Klacke goufen an der Klackegéisserei Mark vu Brockscheid gegoss.[1]

Déi gréisser Klack, déi 55 kg weit, ass dem hellege Fiakrius geweit an déi kleng Klack vu 40 kg ass dem hellege Rochus geweit. Den 10. Mee 2014, op Fliederchersdag, hunn déi nei Klacken déi éischt Kéier an der Kapell gelaut.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kapell Lëtzebuerg-Sichenhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wort vum 17. Mäerz 2014, S. 18: Neue Glocken für Kapelle "Sichenhaff"
  2. Marc Jeck am Luxemburger Wort vum 31. Mee 2014, S.28: Festgeläut nicht nur zur Kirmes