Villeroy & Boch ass eng däitsch Gesellschaft déi Keramik produzéiert an déi hire Sëtz zu Mettlach huet. Se gouf 1748 vum Jean-François Boch an Nicolas Villeroy gegrënnt.

Villeroy & Boch AG

D'Verwaltungsgebai vun der Entreprise zu Mettlach
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 1748
Sëtz Mettlach, Däitschland
Mataarbechter 7.107 (Dezember 2020)[1]
Ëmsaz 800,3 Mio. € (2020)[1]
Branche Keramik
Homepage www.villeroyboch-group.com

Geschicht änneren

D'Parzeläinsindustrie ass vum Jean-François Boch zu Lëtzebuerg agefouert ginn. Am Fong misst ee vun der Faïenceindustrie schwätzen. Well zu där Zäit goufen nach nëmmen Artikelen aus gewéinlecher Faïence an der Fabrick am Rollengergronn (Siwebueren) fabrizéiert, an nach kee Parzeläin. Dofir ass haut och nach ëmmer rieds vun der Faïencerie an net vun der Parzeläinsfabrick. De Jean-François Boch, gehéiert zu de grousse Pionéier vun der lëtzebuergescher Mëttelindustrie.

Hie war Fransous an hat ursprénglech eng Eisegéisserei a Loutrengen. Nodeem hien 1748 zu Däitsch-Oth (Audun-le-Tiche) ugefaangen hat, Faïencewueren ze produzéieren, ass hien 1768 an de Rollengergronn op d'Siwebueren komm an huet do ënner dem Numm: Jean-François Boch et frères seng Fabrick opgebaut. Mat vill Succès iwweregens. 1770 huet d'Faïencerie hire Brindille-Dekor agefouert, deen haut nach ënner dem Numm Vieux-Luxembourg bekannt ass.

Vun de Schwieregkeeten an den 1930er Joren huet d'Faïencerie sech erkritt an huet virum Zweete Weltkrich 230 Persoune beschäftegt, déi all Joer 60 Tonne Faïence-Geschier produzéiert hunn.

Déi grouss Ëmstellung koum nom Zweete Weltkrich, wéi d'Faiencerie sech moderniséiert huet, Elektroiewen agesat huet, an op d'Produktioun vu Parzeläin iwwergaangen ass. 2004 hat d'Faïencerie Villeroy et Boch op de Siwebueren 521 Persoune beschäftegt.

Aner wichteg Etappen an der Entwécklung vun der Entreprise änneren

  • 1791: De Nicolas Villeroy produzéiert an der Saar zu Wallerfangen wäisst Dëschgeschier mat Kofferopdrock,
  • 1809: De Jean-François Boch keeft zu Mettlach un der Saar déi fréier Benediktiner-Abtei a fänkt mat der Produktioun vu wäissem Dëschgeschier, eng Aart vu Parzeläin, un.
  • 1836 De Nicolas Villeroy an de Jean-François Boch doe sech zesummen. Fir Villeroy et Boch ass dat den Ufank vun engem groussen Opstig.
  • 1959: Iwwergang op d'Produktioun vu Vitro-Parzeläin.
  • 2010: D'Produktiounsplaz Lëtzebuerg gëtt zougemaach.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Villeroy & Boch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Financial Report 2020 (gekuckt den 09. mee 2020)