Millebaach (Stad Lëtzebuerg)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Quartier Millebaach an der Stad Lëtzebuerg. Fir Baache mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Millebaach. |
D'Millebaach ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Norde vun der Haaptstad.
Millebaach | |
---|---|
D'Juegdschlass, am nërdleche Wupp vun der Millebaach | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Muhlenbach de: Mühlenbach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Eech |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 2.470 |
31. Dezember 2022 | |
Fläch | 311,13 ha |
Héicht | 371,20 m |
Koordinaten |
49° 37’ 54.01’’ N 06° 07’ 09.1’’ O |
Geographie
ännerenDe Quartier grenzt am Norden un d'Gemeng Koplescht (e ganzt klengt Stéck um Biergerkräiz) an d'Gemeng Walfer an dann, am Sënn vun der Auer, d'Quartiere Beggen, Eech, Lampertsbierg a Rollengergronn/Belair-Nord.
D'Millebaach huet eng Fläch vu 311,13 ha a läit op enger Héicht tëscht 249,3 an 371,2 m.
Ursprong vum Numm
ännerenDe Quartier huet den Numm vun der Millebaach déi zanter dem Enn vun den 1950er Joren ënnerierdesch vun de Siwebueren a Richtung Oste fléisst, fir hannert der Eecher Plaz an d'Uelzecht ze lafen.
De Flouernumm Millebaach huet sech uganks just op d'Terraine bezunn déi direkt um Waasser louchen. Hautdesdaags gehéieren awer och déi aner Flouernimm wéi Geldegrëff, Siwemuergen, Baumühleschberg a Pabeierbierg zur Millebaach.
Geschicht
ännerenD'Millebaach huet fréier zur Gemeng Eech gehéiert a gouf den 1. Juli 1849 (Gesetz vum 8. Mee 1849[1]) en Deel vun der Gemeng Rollengergronn, déi duerno, den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920[2]) mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert huet.
De gudde Buedem am Dall vun der Millebaach huet d'Fiakriusbridder ugelackelt déi sech do néiergelooss hunn. Virum Zweete Weltkrich bestoungen an der Millebaach nach 23 Gäertner, hautdesdaags ass just nach ee Betrib iwwreg bliwwen. Absënns vun den Aarbechter aus der Faïencerie kruten d'Gäertner de Spottnumm Wuerzel– oder Muerteschwänz[3].
De Patréiner vun der Millebaacher Kierch ass den hellege Fiakrius, de Schutzpatréiner vun de Gäertner.
Nieft de Gäertner gouf d'Millebaach haaptsächlech duerch d'Faiencerie gepräägt, déi 1766 vun de Bridder Jean-François, Dominique a Pierre-Joseph Boch op de Siwebuere gegrënnt gi war.
Nodeems d'Pompelstatioun bei der Eecher Paart am Pafendall net méi genuch Waasser geliwwert huet, ass an den 1930er Joren an der Millebaach en neit Waasserwierk gebaut ginn un dat déi staark Quelle vun de Siwebueren an de Glasbueren ugeschloss goufen[4]. Aner Quellegebidder am Quartier sinn de Kazebuer an de Ludisbuer an de Siwemuergen.
Awunner
ännerenOp den 31. Dezember 2022 hunn an der Millebaach 2.470 Leit gewunnt, wouvun 30,59 % Lëtzebuerger waren, géintiwwer 69,41 % Auslänner[5].
Rang | Nationalitéit | Awunner | Undeel |
---|---|---|---|
TOTAL | 2 470 | 100,00% | |
1 | Lëtzebuerg | 756 | 30,61 |
2 | Frankräich | 318 | 11,87 |
3 | Portugal | 226 | 9,15 |
4 | Italien | 116 | 4,70 |
5 | Eritrea | 92 | 3,72 |
6 | Däitschland | 90 | 3,64 |
7 | Spuenien | 80 | 3,24 |
8 | Belsch | 575 | 3,04 |
9 | Polen | 56 | 2,27 |
10 | Indien | 52 | 2,11 |
Top 10 | 1 861 | 75,34 | |
Aner Nationalitéiten | 609 | 24,66 |
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- Fernand Théato, 2006, Kënnt d'Millebaach dobäi, da si se gläich zu dräi an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, Chorale Sang & Klang. S. 104-107
Um Spaweck
ännerenCommons: Millebaach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Loi du 8 mai 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Rollingergrund op legilux.lu (gekuckt den 10. Februar 2018)
- ↑ Loi du 26 mars 1920 concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg op legilux.lu (gekuckt den 10. Februar 2018)
- ↑ „Muertschwanz“ Luxemburger Wörterbuch, gekuckt de 6. Juni 2021
- ↑ Wasserwerk in Mühlenbach. In: Luxemburger Wort, 1935. Jg., nº 179 (28.06.1935), S. 1.
- ↑ Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.