Chiny

belsch Gemeng

Chiny ass eng Stad a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Chiny
Blason ville be Chiny (Luxembourg).svg
Chiny JPG01.jpg
Land Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit
Provënz Official flag of the Province of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Arrondissement Virton
Awunner 5.175 (1 Januar 2018)
Fläch 11.369
Koordinaten 49° 44’ 19’’ N
      05° 20’ 29’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6810
Websäit https://chiny.be
Chiny Luxembourg Belgium Map.png

Déi haiteg Gemeng Chiny ass bei der belscher Gemengereform vun 1977 duerch Fusioun vu Chiny mat de fréiere Gemengen Izel, Jamoigne, Les Bulles, Suxy an Termes entstanen.

GeschichtÄnneren

Chiny war am Mëttelalter Zentrum vun enger Grofschaft mam selwechten Numm, déi 1364 un den Herzog Wenzel I. vu Lëtzebuerg verkaf gouf. D'Gebitt blouf awer ëmmer nieft dem Herzogtum bestoen, gouf also ni voll integréiert, soudatt dat Ganzt nach am spéiden 18. Joerhonnert als Duché de Luxembourg et Comté de Chiny ernimmt gëtt. Sou gëtt de Comte de Chiny och 1678 ausdrécklech am Erwielungsakt vun der Maria als Patréinesch vum Land ernimmt.

Fir un den Zesummenhank vun der Grofschaft Chiny mat Lëtzebuerg z'erënnere gouf et bis an d'Joer 2013 zu Märel eng Strooss mat deem Numm (rue de Chiny). Duerch den Neibau an d'Vergréisserung vun der place Joseph Thorn ass dës Strooss awer verschwonnen.

 
D'Niklos-Bréck

Um SpaweckÄnneren

Offiziell Websäit vun der Gemeng

Commons: Chiny – Biller, Videoen oder Audiodateien