Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden

Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden

Koningrijk[1] der Nederlanden
Royaume des Belgiques


Fändel vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden
Fändel

Holland (1 an 2), Belsch (3 a 4) a Lëtzebuerg (5) 1839.
Offiziell Sproochen Hollännesch a Franséisch
Haaptstad Amsterdam
Regierungssëtz: ofwiesselnd
Den Haag a Bréissel

D'Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden (nl.: Koningrijk der Nederlanden, fr: Royaume des Belgiques[2] bestoung vun 1815 bis 1830 (1839). Den Zousaz verenigd koum am Laf vun der Zäit derbäi, fir et vum haitege Koninkrijk der Nederlanden z'ënnerscheeden.

Nei Kaart vum Kinnekräich vun den Nidderlanden an dem Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1815

Et war en neien europäesche Staat, deen um Wiener Kongress 1815 gegrënnt gi war. Dee Staat huet sech aus de fréieren Éisträicheschen Nidderlanden – zesumme mam fréiere Prënzbistum Léck, mat der fréierer Fürstabtei Stavelot-Malmedy am Süden – an aus der fréierer Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen am Norden zesummegesat.

D'geopolitescht Zil war et, e staarke liewensfäege Staat nërdlech vu Frankräich ze hunn, dee verhënnere sollt, datt Frankräich nees probéiere géif, sech dohin auszebreeden. Allerdéngs huet d'Zesummepraffe vun engersäits der aler onofhängeger a biergerlecher Handelsrepublik (den hollännesch-friseschen Norden) mat anerersäits enger fréierer Confederatioun vun ënnerschiddleche Principautéiten (de wallounesch-flämesche Süde viru 1794) séier zu Spannunge gefouert. Déi hu schliisslech 1830 dozou gefouert, datt déi südlech Provënze sech an der belscher Revolutioun ofgetrennt hunn, fir de Staat Belsch ze grënnen.

D'belsch Onofhängegkeet gouf awer eréischt 1838 vum Wëllem I. unerkannt, wéi en dem Kompromëss zougestëmmt huet, datt d'Provënz Limburg an d'Groussherzogtum Lëtzebuerg sollte gedeelt ginn, wat dunn 1839 geschitt ass[3]. Am Norden ass dunn dat aktuellt Kinnekräich vun den Nidderlanden Rescht bliwwen.

Lëtzebuerg huet net zum Vereenegte Kinnekräich gehéiert, et war als Groussherzogtum e Member vum Däitsche Bond. Den hollännesche Kinnek war allerdéngs a Personalunioun och Groussherzog vu Lëtzebuerg, an huet Lëtzebuerg de facto wéi eng hollännesch Provënz behandelt.

Kuckt och

Referenzen an Notten

  1. Déi Zäit gouf dat sou geschriwwen
  2. P. van Hees, Hugo de Schepper, Tussen cultuur en politiek: het Algemeen-Nederlands Verbond 1895-1995, 1995, p. 22 : « Van 1814 tot 1830 waren Noord en Zuid onder Koning Willem I verenigd tot één staat, het Koninkrijk der Nederlanden (in het Frans le Royaume des Belgiques) ».
  3. Am Traité des XXIV Articles, deen d'Belsch net akzeptéiert hat, stoung, datt d'Belsch d'Méiglechkeet sollt hunnt, Lëtzebuerg ofzekafen.