Herbeumont

belsch Gemeng

Herbeumont ass eng Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Herbeumont
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Neufchâteau
Awunner 1.627 (1. Januar 2018)
Fläch 5.881
Koordinaten 49° 46’ 51’’ N
      05° 14’ 15’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6887
Websäit https://www.herbeumont.be
De Viaduc iwwer d'Semois.

Um hallwe Wee tëscht Florenville a Bouillon ass et eng vun den Uertschaften an der Semois ardennaise déi ganz vill Touristen unzitt. E grousse Camping um Bord vun der Semois, just ënner dem Viaduc vun Herbeumont, garantéiert den Unhänger vun dëser Fräizäibeschäftegung eng flott Plaz.

Op enger Kopp, déi iwwer d'Uertschaft kuckt, kann en d'Ruine vun engem Schlass kucke goen dat am 13. Joerhonnert, vum Jehan de Rochefort gebaut gouf, a 1657 vun den Truppe vum Louis XIV. zerstéiert gouf.

Um Flouer Conques hat d'Abtei vun Orval Terraine kaaft an eng grouss Scheier opgeriicht. Well awer d'Forstwirtschaft an där Géigend méi intensiv war wéi Landwirtschaft, huet déi hiren Zweck net ganz erfëllt. Dofir hunn d'Pateren ëmgebaut a 1694 doraus eng Studien- a Gebietsplaz gemaach. D'Kierch gouf 1718 ageweit.

Ënner der franséischer Besatzung hu si d'Gebietsplaz opginn, an eréischt erëm nom Éischte Weltkrich hunn Benediktinerpateren aus der Haute-Normandie sech do néiergelooss. Dat ass haut awer och net méi sou, an aus de Klouschtergebaier gouf e Luxushotel gemaach.

An der Ëmgéigend fënnt en nach d'Grenzmaarken, déi d'Limiten tëscht den Terraine vun der Orvaler Abtei an deene vun de Prënze vu Rochefort markéiert hunn. Op dëse Maarken ass déi eng Säit den Hiertestaf agravéiert fir Orval, an déi aner Säit en R fir Rochefort.

Zu Conques steet och de Viaduc vun der fréierer Eisebunnsstreck Bertrix-Carignan, déi vun de Preisen am Éischte Weltkrich gebaut gouf.

Aner Uertschaften an der Gemeng änneren

Saint-Médard a Straimont.

 
Vue op Herbeumont

Kuckeswäertes änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Herbeumont – Biller, Videoen oder Audiodateien

Offiziell Websäit vun der Gemeng