D'Baraque de Fraiture ass mat enger Héicht vu 652 Meter, den héchste Punkt an der belscher Provënz Lëtzebuerg. D'Uertschaft déi praktesch nëmmen aus Hôtelle besteet ass ee bekannt Wanterschigebitt besonnesch fir Laangflafamateuren, a bitt mat e puer Pisten déi net géi sinn eng gutt Méiglechkeet, fir Leit déi wëllen den alpine Schisport léieren.

Baraque de Fraiture
Land Belsch
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Vielsalm
Koordinaten 50°14'57,98"N, 5°44'20,00"O
Websäit http://www.ski-baraquedefraiture.be
Memorial op der Kräizung

Den Numm vun der Uertschaft déi um Territoire vun der Gemeng Vielsalm läit, kënnt dohier, datt fréier nëmmen een eenzelt Haus do stoung an d'Nopeschduerf Fraiture heescht.

Op der Baraque de Fraiture gëtt ee Verdeeler vun der Autobunn A26 - E25, Baaschtnech - Léck, praktesch um hallwe Wee tëscht deenen zwou Stied. D'Autobunn huet do Uschloss un d'Nationale 30 an d'Nationale 89.

Den 29. September 2007 gouf op der Baraque Fraiture ee Monument ageweit, als Ërennerung un d'Ardennenoffensiv am Dezember 1944. Den neie Memorial gouf opgeriicht zu Éiere vun den Unitéiten an Zaldote vun der 7th Armored Division, dovun 87th Cavalry Reconnaissance Squadron, 203. AAA-Batterie vun der 7th Armored Division, an F-Company vum 325th Glider Infantry Regiment vun der 82nd Airborne Division.

Aner Installatiounen op der Baraque de Fraiture sinn d'Fernsehtierm fir d'Gemeinschaftsantenne fir 27 Gemengen am Ëmkrees, an d'Installatioune vun den Autobunnsservicer.

Um Spaweck änneren

Commons: Baraque de Fraiture – Biller, Videoen oder Audiodateien