Tintigny ass eng Uertschaft a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Tintigny
De Léiwebuer
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Virton
Awunner 4.276 (1. Januar 2018)
Fläch 8 179
Koordinaten 49° 41’ 01’’ N
      05° 30’ 48’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6730
Websäit https://www.tintigny.be/

Aner Uertschaften an där Gemeng si Rossignol, Bellefontaine, Saint-Vincent, Breuvanne, Lahage, Ansart, Poncelle an Han.

Geschichtleches

änneren

Tintigny gouf et warscheinlech schonn zu der Réimerzäit. 1097 ass et eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt ginn. Seng Geschicht ass enk verbonne mat där vun der Grofschaft Chiny an der Herrschaft vu Villemont. 1823 gouf Tintigny Gemeng. D'Duerf Tintigny gouf den 26. August 1914 zu dräi Véirel vun däitschen Truppen ënner dem Kommando vum Colonel Von Tessmar ofgebrannt a 7 Awunner zesumme mat aneren aus den Nopeschdierfer (am Ganzen 129) op der Gare vun Arel, widder der Bréck vu Schappech erschoss, well se fälschlecherweis beschëllegt goufe Franc-tireuren ze sinn.[1]

Um Spaweck

änneren
Commons: Tintigny – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
D'Kierch.

Referenzen

änneren
  1. Iwwer d'däitsch Massakeren am August 1914 (fr)