E Portrait ass eng Molerei, eng Fotografie, eng Plastik oder soss eng kënschtleresch Representatioun vun enger oder méi Persounen. E Portrait soll net nëmmen e Glach mam Ausgesi vun enger Persoun hunn, mä och hir Perséinlechkeet oder hire Status, resp. hir Funktioun erëmspigelen.

Och bei literaresche Beschreiwungen oder filmesche Presentatioune vu Persoune schwätzt ee vun engem Portrait.

Bei Portraiten ënnerscheet een tëscht der Zuel vun de Persounen, déi duergestallt ginn (Eeenzel-, Duebel-, Dräifach- oder Gruppeportrait), dem Ausschnëtt, dee gewise gëtt oder der Haltung vun de portraitéierte Persounen (kuckt ënnendrënner); oder awer der Funktioun, déi duergestallt gëtt (z. B. en Herrscherportrait mat sengen Herrschafts-Attributen).

Nom Ausschnëtt änneren

Nom Ausschnëtt ënnerscheet een, jee nodeem, tëscht engem Portrait vun enger ganzer Persoun (am Stoen oder am Sëtzen, an der Skulptur sinn dat Statuen oder Statuetten); engem bis un de Knéi, bis un d'Hëft, bis un d'Taille, bis un d'Broscht, un d'Schëller oder bis un den Hals:

No der Haltung vum Kapp änneren

Selbstportrait änneren

E Portrait, dat e Kënschtler vu sech selwer mécht, ass e Selbstportrait.

Idealportrait änneren

En Idealportrait representéiert eng Persoun, déi de Kënschtler net perséinlech kannt huet. Et soll där Persoun hir (attribuéiert) Qualitéiten erëmginn, ass awer keng realistesch Representatioun dovun, wéi s'ausgesinn huet (Beispill: Büsten oder Biller vum Homer).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Portraiten – Biller, Videoen oder Audiodateien