Bierger-Center vun der Stad Lëtzebuerg
De Bierger-Center vun der Stad Lëtzebuerg (offiziell: Centre d'accueil des citoyens) ass en administrative Service vun der Stad Lëtzebuerg an deem d'Bierger eng Rëtsch Verwaltungsugeleeënheeten erleedege kënnen.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e5/GLLM_0701_.jpg/380px-GLLM_0701_.jpg)
Op enger an der selwechter Plaz kann ee sech z. B. op enger Adress an der Stad umellen oder ofmellen, d'Kanner fir an d'Schoul aschreiwen, sech an d'Wielerlëscht androe loossen, Park-Vignetten ufroen, säin Hond umellen, asw. Et kann een hei och verschidde Certificaten, Gebuerts- an Doudeschäiner ufroen[1].
Geschicht
ännerenDe Bierger-Center ass 2001 entstanen a war bis 2011 am Centre Émile-Hamilius ënnerbruecht. Provisoresch gouf en dunn op d'Nummer 26a vum Boulevard Royal verluecht, ier en duerno op déi aktuell Plaz, an de „Centre Guillaume-II“ um Knuedler verluecht gouf, wou en den 30. Juni 2014 ageweit gouf.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Centre Guillaume-II.
Literatur
änneren- René Clesse, De Bierger-Center vun der Stad ass op! an ons stad, Nr. 68, 2001
Um Spaweck
ännerenCommons: Bierger-Center vun der Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Bierger-Center op der Internetsäit vun der Stad Lëtzebuerg
Referenzen an Notten
änneren- ↑ „De Bierger Center... an d'Liewe gëtt einfach“ an Ons Stad, Nr. 68/2001, Supplement „ons stad info“, Säit II