Lëtzebuerger Militärmusek

Musekscorps vun der Lëtzebuerger Arméi

D'Lëtzebuerger Militärmusek (op Franséisch: Musique militaire grand-ducale) ass deen eenzege Musekcorps (Fanfaren an Harmonien) am Land, deen nëmmen aus Beruffsmuseker besteet. Et handelt sech ëm en Total vu ronn 60 Museker. D'Militärmusek an hiren Dirigent stinn ënner dem direkte Kommando vum Chef vum État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi.

D'Militärmusek 2017

Geschicht änneren

 
D'Dirigente bis 1925, Lëtzebuerger Illustréiert:1925,
* Uewen: vu l. n. r. Fr. Ferd. Hoebich a Philippe Decker,
* Ënnen: vu l. n. r. Edmond Patzke a Gustave Kahnt,
* An der Mëtt Fernand Mertens

Nodeem d'Groussherzogtum Lëtzebuerg 1815 um Wiener Kongress gegrënnt gi war, ass de Besoin fir eng national Arméi entstanen. Wéinst politesche Schwieregkeete sinn déi éischt Bataillonen eréischt 1842 entstanen. Am éischte Bataillon, deen zu Iechternach stationéiert war, gouf den 29. Dezember 1842 ënner der Leedung vum Franz Ferdinand Hoebich d'Lëtzebuerger Militärmusek gegrënnt. Ufanks hat si ëm déi 25 Museker a mat der Zäit sinn et der ëmmer méi ginn.

Am zweete Bataillon, deen zu Dikrech stationéiert war, gouf d'Militärmusek ënner der Leedung vum Jean-Antoine Zinnen, dem spéidere Komponist vun der lëtzebuergescher Nationalhymn, de 6. Dezember 1847 gegrënnt. Am Juni 1868 gouf den zweete Bataillon opgeléist an d'Militärmusek gouf just nach am éischte Bataillon weidergefouert.

Zu den offiziellen Aktivitéite vun der Militärmusek gehéieren Concerte fir de groussherzoglechen Haff an d'Lëtzebuerger Regierung bei Staatsvisitten a Receptiounen. Zu de militäreschen Aufgabe gehéieren Optrëtter op Paraden an d'Musizéiere beim Wiessel vun der Garde.

Dirigenten änneren

Dirigente vum 1. Batailloun änneren

Vum 1. August 2012 un ass de Jean-Claude Braun Chef an Dirigent vun der Groussherzoglecher Militärmusek.[1] Zanter dem 1. Januar 2008 ass de Jean-Marie Thoss de Stellvertrieder vum Dirigent.

Dirigente vum 2. Batailloun änneren

Literatur änneren

  • Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten, 1988, Erausginn vun der Lëtzebuerger Stadmusek
  • Nimax, Pierre: Die Luxemburger Militärkapelle: 1842 - 2001, An Ons Stad, Lëtzebuerg, No 67, (Juli 2001), Säiten 4-10

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lëtzebuerger Militärmusek – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Säit mat der Lëscht vun den Dirigente vun der Militärmusek op www.armee.lu Archivéiert op 2011-09-11. Gekuckt de(n) 2011-02-24.