Felix vu Bourbon-Parma

Mann vun der Grand-Duchesse Charlotte

De Felix Marie Vincent Prënz vu Bourbon-Parma, gebuer den 28. September 1893[1] zu Schwarzau am Steinfeld bei Wien (Éisträich), a gestuerwen den 8. Abrëll 1970 zu Fëschbech, war dat uechtzéngt Kand vum Robert I. vu Parma an dat sechst Kand mat deem senger zweeter Fra, der Maria Antonia vu Bragança, der Schwëster vun der Maria Ana vu Bragança, also vu senger spéiderer Schwéiermamm.

Felix vu Bourbon-Parma
Gebuer 28. September 1893
Schwarzau am Steinfeld
Gestuerwen 8. Abrëll 1970
Fëschbech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Famill
Bestuet mat Charlotte vu Lëtzebuerg
Papp Robert 1. vu Parma
Mamm María Antonia vu Braganza
Geschwëster Marie Louise vu Bourbon-Parma, Zita vu Bourbon-Parma, Maria Antonia vu Bourbon-Parma, Xavier vu Bourbon-Parma, Gaetano vu Bourbon-Parma, Henri vu Bourbon-Parma, Elias vu Bourbon Parma, Joseph vu Bourbon-Parma, René vu Bourbon-Parma, Sixtus von Bourbon-Parma, Louis vu Bourbon-Parma
Kanner Jean vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg, Charles vu Lëtzebuerg, Alix vu Lëtzebuerg

Hie war de méi jonke Brudder vun der Keeserin Zita vun Éisträich. Säi Grousspapp war den 1834 ofgesate Kinnek Miguel I. vu Portugal.

De Felix vu Bourbon-Parma gëtt Prënz vu Lëtzebuerg änneren

De 6. November 1919 huet hie seng Kusin, d'Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg bestuet. Den Dag virdrun hat d'Chamber, mat knappser Majoritéit, seng Naturaliséierung gestëmmt. Doduerch gouf hie Prënz vu Lëtzebuerg. Déi Entscheedung war net onëmstridden, well de Felix am Éischte Weltkrich Läitnant a Capitaine an der éisträichescher Arméi war.

D'groussherzoglech Koppel krut sechs Kanner. 1921 gouf de spéidere Groussherzog Jean vu Lëtzebuerg gebuer, 1922 d'Elisabeth, 1924 d'Marie-Adelaïde, 1925 d'Marie-Gabrielle, 1927 de Charles a 1929 d'Alix.

De Prënz Felix war vum 23. Januar 1937 bis de 25. Abrëll 1951 Member vum Staatsrot.[2]

De Prënz Felix am zweete Weltkrich änneren

Den 10. Mee 1940 ass de Prënz Felix mat senger Famill an der Lëtzebuerger Regierung an den Exil gaangen, fir d'éischt op Paräis, duerno op Lissabon. De 15. Juli verléisst de Felix mat de Prënzekanner déi portugisesch Haaptstad, ouni seng Fra, a fiert an Amerika, wou e vum President Roosevelt empfaange gëtt. Bis 1942 hält sech d'groussherzoglech Famill haaptsächlech an de Vereenegt Staate vun Amerika an am Kanada op[3].

Am Oktober 1942 verléisst de Prënz Felix zesumme mat sengem eelste Jong, dem Prënz Jean, de Kanada fir sech a Groussbritannien an der Arméi z'engagéieren. De Prënz Jean meld sech bei den Irish Guards, de Prënz Felix gëtt "officier de liaison" beim "Northern Command". Do huet e gehollef d'"Luxembourg Battery", eng Eenheet vu lëtzebuergesche Volontären opzebauen, déi Deel vun der belscher Brigade Piron war.[4]

Am Juni 1944 gouf de Felix bei déi 12. US-Arméi, bei de Generol Bradley, geschéckt. Hien huet sech duerno verschiddenen Eenheeten ugeschloss, fir bei der Befreiung vu Lëtzebuerg kënnen dobäi ze sinn. Den 10. September 1944 ass hien zesumme mam Prënz Jean mat der 5. US-Panzerdivisioun zu Lëtzebuerg amarschéiert a vun der Bevëlkerung gefeiert ginn.

Grad wéi de Prënz Jean huet och de Felix bis zum Krichsënn weidergekämpft, a war zum Beispill bei der Befreiung vum Konzentratiounslager Dachau dobäi.[5]

De Prënz Felix no dem zweete Weltkrich änneren

Hie war och Colonel vun der Fräiwëllegekompanie an Inspecteur-Général vun der Lëtzebuerger Arméi vun 1945 bis 1967.

Tëscht 1923 an 1932 an dann nees tëscht 1947 an 1969 war hie President vum Lëtzebuerger Roude Kräiz.

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Felix vu Bourbon-Parma – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2022-12-19. Gekuckt de(n) 2022-12-19.
  2. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  3. (fr)Philippe Bernier Arcand, L'exil québécois du gouvernement du Luxembourg. Histoire Québec 19–26 (2010). Gekuckt de(n) 2023-05-05.
  4. Informatiounen aus: Chronologie "Léif Lëtzebuerger" Chronologie 1939-1942 - PDF an Chronologie 1942-1945 - PDF
  5. Informatiounen aus: E.T. Melchers, Luxemburg 1944-45 - Befreiung und Ardennenoffensive, S. 119- 121, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 1981
  6. (de)Lokales. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (25. Juni 1923). Gekuckt de(n) 2023-07-25.
  7. (fr)Chronique locale - Distinction. L'Indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (25. Juni 1923). Gekuckt de(n) 2023-07-25.