Henri Demuth
lëtzebuergesche Sculpteur
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Henri Demuth, gebuer de 4. Februar 1884 zu Schëndels,[1], a gestuerwen den 20. Abrëll 1961 an der Millebaach[2] war e lëtzebuergesche Sculpteur.
Henri Demuth | |
---|---|
Gebuer |
4. Februar 1884 Schëndels |
Gestuerwen |
20. Abrëll 1961 Millebaach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Lycée des arts et métiers, École nationale supérieure des arts décoratifs |
Aktivitéit | Sculpteur |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
No der Handwierkerschoul ass hien zu Paräis op d'École nationale supérieure des beaux-arts gaangen.[3] Hie war du Chargé de Cours an der Handwierkerschoul, an duerno war hien do vun 1931 bis 1946 Professer.[4],[5]
1925 huet hien op der Weltausstellung zu Paräis ausgestallt[6], souwéi 1926 um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg[7].
Zesumme mam Ernest Grosber huet hien de Fiisschen (1931-1932) um Knuedler sculptéiert a mam Léon Nosbusch huet hien den Aadler (1955-1957) vum Monument zu Duelem realiséiert.
Wierker
änneren- Skizz fir de Portrait vum Franz Seimetz, am Relief op der Fassad vun der Pharmacie du Lion zu Iechternach, (ausgefouert vum Philippe Arnold)[8]
Kuckt och
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Gemeng Miersch: Gebuertsregëster 1884 Nr 11.
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort, 21. Abrëll 1961.
- ↑ Prüfungen", Obermosel-Zeitung, 5. August 1904.
- ↑ Avis vun der Nominatioun publizéiert am Mémorial N° 22 vum 2. Mee 1931, S. 375
- ↑ Avis publizéiert am Mémorial N° 41 vum 14. September 1946, S. 671
- ↑ "Participation du Luxembourg", Luxemburger Wort, 23. Januar 1926.
- ↑ Jos Welter (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
- ↑ Moia, Nelly, 2005. Mascarons de Luxembourg. Polyprint, Esch-sur-Alzette, S. 14 a S. 28. (Link)