Batty Weber

lëtzebuergesche Schrëftsteller
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Batty (Jean-Baptiste) Weber, gebuer de 25. November 1860 zu Rëmeleng a gestuerwen de 15. Dezember 1940 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Journalist, Feuilletonist.

Batty Weber
Gebuer 25. November 1860
Rëmeleng
Gestuerwen 15. Dezember 1940
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Universitéit Bonn
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller, Feuilletonist, Dichter
Famill
Bestuet mat Emma Weber-Brugmann, Appoline Sachs
Kanner Paula Johanna Weber


Dem Jabo seng Kaap (Ufank) an der Schreifweis vun 1946.

Liewen änneren

Hie war de Jong vum Schoulmeeschter Michel Weber an der Marie-Catherine Klein vu Fréiseng. De Batty Weber ass zu Rëmeleng an der Grouss-Strooss Nr. 82 op d'Welt komm an zu Stadbriedemes opgewuess.

1888 huet hie sech mat der Appoline "Lina" Sachs bestuet. Si ass 1901 gestuerwen. Zesummen hate si eng Duechter, d'Paula Johanna (1888-1971). 1904 huet hie sech du mat der Emma Brugmann bestuet, mat där zesumme si e Jong haten, den Heinz (1905-1970). 1934 hu si sech zu Stadbriedemes en Haus, d'Haus Heemecht, gebaut.

De Batty Weber ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Dem Batty Weber säin Haaptwierk besteet aus iwwer 7.050 Texter, déi tëscht dem 25. September 1913 an dem 17. Dezember 1940 an der liberaler Luxemburger Zeitung an der Feuilletonserie Abreißkalender publizéiert goufen.

1909 huet de Batty Weber de Begrëff vun der Mischkultur fir d'Lëtzebuerger Gesellschaft ze beschreiwen, an d'Welt gesat.

Hie war Éierepresident vun der Assoss a President vun der Association luxembourgeoise des journalistes.

Wierk (Auswiel) änneren

  • 1882: Mein Freund Gunther
  • 1889: Bella Ghita
  • 1890: Hart am Abgrund
  • 1891: Der Amerikaner
  • 1891: Verderberin
  • 1898: De Schĕfer vun Aasselburn. Letzeburger Vollécksstéck a vĕer Akten. En Trauerspill mat als Hannergrond de Klëppelkrich mam Schéifermisch
  • 1909: Über Mischkultur in Luxemburg. Beilage der Münchner Neuesten Nachrichten: 121-124.
  • 1912: Fenn Kaß
  • 1915 D'Wonner vu Spéisbech. Operett a 4 Akten.
  • 1922 Nick Carter auf dem Dorf
  • 1906: Le Lasso. Drama an dräi Akten. Gouf den 19. September 1922 zu Paräis am Théâtre de l'Œuvre ënner der Regie vum Lugné-Poe opgefouert.
  • 1923 Der Inseltraum
  • 1926 Hände

Nom Batty Weber genannt änneren

Illustratiounen änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Batty Weber – Biller, Videoen oder Audiodateien