De Bob Hoskins, gebuer als Robert William Hoskins de 26. Oktober 1942 zu Bury St Edmunds, Suffolk a gestuerwen den 29. Abrëll 2014 zu London, war en englesche Schauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.

Bob Hoskins
Gebuertsnumm Robert William Hoskins
Gebuer 26. Oktober 1942
Gestuerwen 29. Abrëll 2014
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Charakterschauspiller, Komiker, Theaterschauspiller

Hien huet seng Schoul mat 15 Joer ofgebrach a gouf méi oder manner duerch Zoufall als Schauspiller entdeckt. Seng Ufäng hat hien a verschiddenen Tëleesfilmer, ier hien an den 1980er Jore mat brittesche Gangsterfilmer bekannt gouf an duerno och zu Hollywood Karriär gemaach huet. Seng Paraderoll war déi als Privatdetektiv Eddie Valiant am Film Who Framed Roger Rabbit?

Hie gouf ë. a. beim Filmfestival zu Cannes a bei de Golden Globe Awards fir seng Roll am Film Mona Lisa ausgezeechent.

2012 hat hie seng Karriär un de Nol gehaang, nodeem bei him Parkinson festgestallt gouf. Hien ass un de Suitë vun enger Longenentzündung gestuerwen.

Filmographie änneren

Kino änneren

als Schauspiller (Auswiel) änneren

als Regisseur (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bob Hoskins – Biller, Videoen oder Audiodateien