EDHEC Business School
D'EDHEC Business School ass eng European Business School mat Campussen zu Paräis, London, Lille, Nice a Singapur.
(EDHEC) | |
---|---|
Land | Frankräich |
Gegrënnt | 1906 |
Koordinaten | 50°40'23"N, 3°9'58"O |
Um Spaweck | http://www.groupe-edhec.fr |
2015 koum d'EDHEC am Ranking vun der Financial Times ënner déi 25 bescht European Business Schools[1]. Den MBA vun der EDHEC beleet am internationale Ranking vun der Zeitung déi 84. Plaz[2]. D'EDHEC huet och e PhD-Programm an eng Rei vu Master-Programmer a spezifesche Managementsgebidder wéi Marketing, Finanzen oder Direction d'Entreprise. D'Programmer vun der EDHEC sinn op internationalem Niveau dräifach akkreditéiert, vun der AMBA, der EQUIS an der AACSB[3]. Méi wéi 30.000 Anciene vun der Schoul sinn an der Politik an an der Geschäftswelt aktiv, dorënner den Delphine Arnault (Deputy CEO Louis Vuitton) an de Jean-Jacques Goldman.