Departement Nord

franséischt Departement
Nord (59)
Regioun Hauts-de-France
Prefecture Lille
Ënnerprefecture Avesnes-sur-Helpe
Cambrai
Douai
Dunkerque
Valenciennes
Bevëlkerung 2.577.000 Aw.(2004)
Fläch 5.743 km²
Arrondissementer 6
Kantonen 79
Gemengen 652

Den Nord (59) ass e franséischt Departement an der Regioun Hauts-de-France. Et ass dat am nërdlechste geleeënt Departement, dohier säin Numm.

Geschicht

änneren

D'Departement Nord gouf ënner der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790, wéi am Gesetz vum 22. Dezember 1789 virgesinn, mat 83 aneren Departementer gegrënnt, an zwar aus Deeler vun der aler Provënz Flandern an Deeler vum Hainaut an dem Cambrésis.

Geographie

änneren

Den Nord ass en Deel vun der Regioun Hauts-de-France. E grenzt un d'Departementer Pas-de-Calais, Aisne a Somme an un d'Belsch.

Et stéisst och un d'Nordmier. Stréim a Flëss déi derduerch lafe sinn d'Yser, d'Leie, den Escaut, d'Scarpe an d'Sambre. De Kanal vun der Deûle leeft duerch Lille, seng Prefecture.

Demographie

änneren

D'Awunner vum Nord ginn op Franséisch Nordistes genannt.

Kuckt och

änneren
Commons: d'Departement Nord – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck

änneren