Martine Aubry

franséische Politiker

D'Martine Aubry, gebuer als Martine Louise Marie Delors den 8. August 1950 zu Paräis,[1][2] ass eng franséisch Politikerin. Si ass Member an der sozialistescher Partei an zënter 2001 Buergermeeschtesch vu Lille.

Martine Aubry
Gebuer 8. August 1950
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit Panthéon-Sorbonne,
École nationale d'administration,
Institut d'études politiques de Paris,
Universitéit Panthéon-Assas
Aktivitéit Politiker
Partei Parti socialiste
Famill
Papp Jacques Delors
Geschwëster Jean-Paul Delors

Politesch Karriär

änneren

D'Martine Aubry hat sech schonn 1974 an der sozialistescher Partei engagéiert. Nodeem de François Mitterrand d'Presidentschaftswalen 1981 gewonnen hat, hat d'Martine Aubry verschidde Funktiounen am Aarbechtsministère.[1] Vun 1989 bis 1991 huet si an der Industriegrupp Pechiney geschafft, ier si am Mee 1991 vun der Édith Cresson zur Aarbechtsministesch ernannt gouf.[3] Och an der Regierung vum Pierre Bérégovoy, déi bis Mäerz 1993 un der Muecht war, hat si déi selwecht Funktioun.[1]

Am Juni 1995 gouf si d'Première Adjointe vum Buergermeeschter vu Lille an dräi Méint méi spéit Vizepresidentin vun der Communauté Urbaine de Lille. 1997 gouf si d'"Nummer 2" an der Regierung vum Lionel Jospin als Ministesch fir Beschäftegung a Solidaritéit. An där Funktioun huet si ënner anerem dozou bäigedroen, datt sech d'35-Stonne-Woch a Frankräich duerchgesat huet - eng Moossnam, déi vun der Oppositioun an dem Patronat staark kritiséiert gouf.[4] Si huet och d'Gesetzer iwwer de Kampf géint d'Exklusioun (1998) an d'universell Krankeversécherung (2000) agefouert.[5],[6] Zur selwechter Zäit konnt si den Defizit vun der franséischer Sozialversécherung reduzéieren.[7]

Den 18. Oktober 2000 ass d'Martine Aubry als Ministesch zeréckgetruede fir bei de Gemengewale vu Lille matzemaachen. De 25. Mäerz 2001 gouf si Buergermeeschtesch. Mat Programmer wéi Lille 2004 (Lille war 2004 Europäesch Kulturhaaptstad) huet si zum Imagewandel vun der Stad bäigedroen, ënner anerem duerch d'Renovatioun an den Neibau vun Infrastrukturen. 2008 ass si mat 66,56 % vun de Stëmmen an 2014 mat 52,05 % erëmgewielt ginn.[8],[9]

2008 gouf si knapps virun der Ségolène Royal zur Première secrétaire (Parteipresidentin) vun de Sozialiste gewielt, wat als Konsequenz hire Beléiftheetsgrad an den Ëmfroen an d'Luucht schéisse gelooss huet.[10]

Am Fréijoer/Summer 2011 hat si als Parteipresidentin mam Skandal ëm de franséische sozialistesche Politiker Dominique Strauss-Kahn ze kämpfen, deen als Favorit fir déi nächst Presidentschaftswale gegollt huet, an deen de 14. Mee 2011 zu New York City wéinst enger presuméierter sexueller Aggressioun festgeholl gouf. Den Nouvel Observateur hat Ufank Mee 2011 annoncéiert, d'Aubry hätt wéinst dem Strauss-Kahn op eng Kandidatur bei de Primairë vun de Sozialiste verzicht.[11] Den 28. Juni 2011 huet si dunn awer hir Kandidatur fir d'Presidentschaftswal ugekënnegt.[12] Am Oktober ass si zwar an den éischten Tour vun de Wale fir de sozialistesche Presidentschaftskandidat komm, huet awer am zweeten Tour mat 43,43 % vun de Stëmme géint de François Hollande verluer.

Obwuel si dem Hollande seng Presidentschaftscampagne ënnerstëtzt huet, huet si no senger Victoire eng Plaz an der Regierung refuséiert.[13] 2012 huet d'Martine Aubry d'Direktioun vun der sozialistescher Partei ofginn. De Regierunge vum President Hollande géigeniwwer huet si sech zeréckhalend a reservéiert gewisen.[14]

Bei de Gemengewalen am Mäerz 2014 gouf si an hirem Amt als Buergermeeschtesch confirméiert. Am Oktober 2014 huet si eng Publikatioun gemaach, an där si vum Emmanuel Valls senger Regierung eng Neiorientéierung vun der Wirtschaftspolitik fuerdert.[15]

Och 2020 gouf si nach eng Kéier als Buergermeeschtesch zréckgewielt, mee mat nëmmen 227 Stëmme méi wéi de "grénge" Kandidat Stéphane Baly.[16]

Privatliewen

änneren

D'Martine Aubry ass d'Duechter vum Jacques Delors, dem fréiere franséische Finanzminister a President vun der Europäescher Kommissioun. Si huet 1973 de Xavier Aubry bestuet, mat deem si 1978 e Meedche krut, an huet den Numm "Aubry" no der Scheedung behalen. 2004 huet si den Affekot Jean-Louis Brochen bestuet.[2]

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 Site vun der Stad Lille: Biographie de Martine Aubry (gekuckt den 9. Mee 2015)
  2. 2,0 2,1 Les Échos (online): Fiche biographique de: Madame MARTINE AUBRY (gekuckt de 7. Mee 2015)
  3. L'Express (online): Une femme ambitieuse (28. August 1997)
  4. Le Monde (online): Le PS et les 35 heures, un héritage contesté (4. Januar 2011)
  5. LegiFrance: Loi n° 98-657 du 29 juillet 1998 d'orientation relative à la lutte contre les exclusions (29. Juli 1998)
  6. Libération (online): Couverture maladie universelle: le patchwork de Martine Aubry. Les ayants droit auront le choix entre CPAM, mutuelle ou assurance. (19. Januar 1999)
  7. Déclaration de Mme Martine Aubry, ministre de l'emploi et de la solidarité, sur le projet de loi de financement de la Sécurité sociale pour 2000 à l'Assemblée nationale le 26 octobre 1999.
  8. Le Figaro (online): Lille: Les résultats au second tour (gekuckt den 11. Mee 2015)
  9. Franséischen Inneministère: Résultats des élections municipales et communautaires 2014 (gekuckt den 8. Mee 2015)
  10. Les échos (online): Spectaculaire regain de popularité pour la maire de Lille (5. Dezember 2008)
  11. Le Nouvel Observateur (online): Info Obs - Martine Aubry n'est pas candidate à la primaire socialiste (5. Mee 2011)
  12. Le Point (online): Martine Aubry candidate à l'élection présidentielle (28. Juni 2011)
  13. Le Monde (online): Martine Aubry ne sera pas au gouvernement (16. Mee 2012)
  14. Le Figaro (online): Martine Aubry à la manœuvre contre Manuel Valls (5. Abrëll 2014)
  15. Le Parisien (online): PS: Aubry demande à Hollande une «réorientation de la politique économique» (19. Oktober 2014)
  16. nouvelobs.com: Martine Aubry reste maire à 227 voix près (29. Juni 2020)