Saxophon

Museksinstrument
Saxophon
En Altsaxophon
Klassifikatioun Aerophon
Holzblosinstrument
Tounëmfank
Änlech Instrumenter Klarinett
Museker
Kategorie:Saxophonisten

De Saxophon ass e Museksinstrument aus Messeng. De Rouer ass konesch, a gëtt géint d'Enn méi weit. Dat ass de gréissten Ënnerscheed mat änlechen Instrumenter wéi z. B. der Klarinett. Anescht, wéi ee vu sengem metallesche Kierper hier kéint mengen, gehéiert de Saxophon zu den Holzblosinstrumenter, well säin Toun mat Hëllef vun engem hëlzene Rouerblat produzéiert gett.

10 verschidde Saxophoner

D'Instrument gouf als "Saxophon" vum Belsch Adolphe Sax 1840 erfonnt an den 21. Mäerz 1846 a Frankräich patentéiert. De Sax hat d'Instrument fir de sinfoneschen Orchester konzipéiert, wou en eng Klangfaarf tëscht dem Hautbois an der Klarinett vermësst hat.

Bekannt a populär gouf de Saxophon awer eréischt en ettlech Joerzéngten no senger Erfindung mam Jazz, wéinst sengem variabele Klang a senger grousser Dynamik. Et gëtt Saxophoner a verschiddenen Tounlagen, vu Kontrabass- iwwer Bass-, Bariton-, Tenor-, Alt-, a Sopran- bis zu Sopranino-Saxophon.

Literatur änneren

  • Eugen Brixel: Die Klarinette und das Saxophon. In: Schriftenreihe für Jungmusiker. Heft 1. Musikverlag Stefan Reischel, Oberneunkirchen, Österreich, 1983.
  • Bernhard Habla: Solo-Saxophon und Blasorchester. Verzeichnis von über 350 Solowerken für ein oder mehrere Saxophone und Blasorchester. In: Werke für Soloinstrument mit Blasorchester. Band 5. Wien 1996.
  • Uwe Ladwig: Saxofone. buchwerft-verlag.de, Kiel, 2011, ISBN 978-3-86342-280-6.
  • Jean-Marie Londeix: 150 ans de musique pour saxophone. Roncorp Publications, USA 1995.
  • Karl Ventzke, Claus Raumberger, Dietrich Hilkenbach: Die Saxophone. Beiträge zu ihrer Bau-Charakteristik, Funktion und Geschichte 4. Auflage, Erwin Bochinsky, Frankfurt 2001, ISBN 3-923639-45-7.

Um Spaweck änneren

Commons: Saxophoner – Biller, Videoen oder Audiodateien