Philippe Schneider, de Mann mat der Kamera

Philippe Schneider, de Mann mat der Kamera ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Tom Alesch aus dem Joer 1999.

Philippe Schneider, de Mann mat der Kamera
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première Dezember 1999
Dauer 48 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Tom Alesch
Fotografie Zoltan Tobolik
Musek Jeannot Sanavia
Produzent Anne Schroeder
Produktiouns-
gesellschaft
Cinéquasi
Schauspiller
Ger Schlechter: Erzieler
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Dësen Dokumentarfilm, deen d'Liewen an d'Karriär vum Lëtzebuerger Cineast Philippe Schneider erzielt, ass mat ville Filmextraiten ënnerluecht. En handelt ënner anerem iwwer säi éischte groussen Documentaire Pour la liberté aus dem Joer 1948. a wéi de Schneider sech zu Lëtzebuerg als Cineast etabléiert huet, an engem Land an deem et esou gutt ewéi keng Filmindustrie gouf. Hien huet säin eegene Filmstudio etabléiert, an deem och seng Famill geschafft huet, a vill touristesch Filmer iwwer d'Groussherzogtum gedréint, e puer Industriefilmer a ganz vill Reklammen.

De Schneider hat zwar d'Sympathie vun der Press a vun den Autrotiéiten, mee säi eenzege Spillfilm, L'amour, oui! mais... aus dem Joer 1970, war e Mësserfolleg. Och d'Produktioun vun deem Film gëtt thematiséiert.

Géint Enn vu sengem Liewen hat de Schneider mat neier Konkurrenz aus jonken, méi kritesche Cineasten ze kämpfen, a mam Opkomme vum lëtzebuergescher Fernsee.

Interviewt ginn am Documentaire ënner anerem d'Marie-Jeanne Kartheiser, André Claude, André Retter, Marianne Faber-Schneider, Patrick Feuerstein, an de Jean-Marie Meyer.

Filmproduktioun änneren

D'Majoritéit vun dem filmesche Material kënnt aus den Archiver vum Centre national de l'audiovisuel (CNA).[1]

D'Produktiounsgesellschaft Ciné Quasi krut 1997 eng "Aide au développement" vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vu 600.000 Lëtzebuerger Frang accordéiert.[2] 1998 ass dunn och nach a Subside vun 3,5 Millioune Frang fir d'Produktioun vum Documentaire dobäikomm.[3]

De Film huet seng Première am Dezember 1999 an der Stater Cinemathéik gefeiert.[1]

Philippe Schneider, de Mann mat der Kamera war ee vu siwe Filmer déi am Abrëll 2001 wärend der zweeter Editioun vun der "Semaine du documentaire luxembourgeois" gewise gouf, déi den CNA a Samsa Film organiséiert hunn.[4]

Kritik änneren

Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[5]

Tom Alesch [...] raconte l'histoire de Philippe Schneider par un film, monté comme un joli conte de fée. [...] Ses deux filles, Marianne et Nicole, alors recrutées comme actrices, sont les principaux témoins de Tom Alesch. Qui, pour avoir un contre-poids, a demandé au journaliste Jean-Marie Meyer d'intervenir - pour prouver que Meyer est le démystificateur, Tom Alesch le filme dans les casemates, c'est un peu gros. Parce que l'ancien rédacteur en chef du Land n'y va pas avec le dos de la cuillère, mais accuse franchement Schneider d'avoir été un opportuniste sans scrupules, le résultat étant des films qui mélangent « du patriotisme à trois sous et du kitsch éclatant ». Quelques scènes auparavant, l'ancien voisin de Schneider, Albert Dumont, aura rappelé que le cinéaste avait fait fortune durant la guerre en vendant des fripes aux Allemands, ce qui ne le rend pas vraiment plus sympathique.

Triviales änneren

De Philippe Schneider huet d'Aart a Weis wéi d'Ausland Lëtzebuerg gesinn huet duerch seng Touristen- an Industriefilmer grondleeënd matbestëmmt.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Rapport d'activité du Ministère de la Culture de l'Enseignement supérieur et de la recherche 1999, Mäerz 2000, Säit 196
  2. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1997, Mäerz 1998, Säit 148
  3. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 203
  4. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2001, Säit 196
  5. land.lu: Il est un petit pays qui n'a partout que des amis vum Josée Hansen (9. Mäerz 2000)