Lost in the 80s
Lost in the 80s ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Andy Bausch.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2018-2019 |
Première | 9. Oktober 2019 |
Dauer | 94 min |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Fotografie | Carlo Thiel |
Musek | Jeannot Sanavia |
Schnëtt | Felix Sorger |
Produzent | Paul Thiltges |
Schauspiller | |
André Jung Luc Schiltz mat Témoignagë vun: Jacques Santer, Ben Fayot, Paul Kieffer, Germaine Goetzinger, Ed Maroldt, Raymond Bisdorff, Jean Huss, Vic Reuter, Carlo Rock, Lex Roth, Gilles Wunsch, Josiane Kartheiser, Lucien Czuga, Jean-Pierre Thilges, Guy W. Stoos, Pol Hoffmann, André Kemmer, Marco Lorenzini, Danielle Grosbusch, Christian Kmiotek, Michèle Hemmer, Andy Bausch, Paul Scheuer, Benoît Entringer, ... | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
En ass den 9. Oktober 2019 an de Kinoen ugelaf.
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Film retracéiert, unhand vun Interviewen an Dokumenter (ë. a. Zeitungsartikelen, Ausschnëtter aus Filmer an Televisiounsreportagen), an nogespillten Zeenen, anekdotesch d'Zäit vun den 1980er Joren zu Lëtzebuerg.
Thematiséiert ginn ë. a. d'Hochzäit vum Ierfgroussherzog Henri vu Lëtzebuerg mat der Maria Teresa Mestre, "de" Bommeleeër, d'Stolkris an de Wuesstem vun der Finazplaz, d'Katastroph vun Tschernobyl an d'Protester géint de Bau vum Atomkraaftwierk Cattenom, d'Enstoe vun der Gréng Alternativer Partei, d'Waldbëlleger Affär, de Besuch vum Poopst Jean-Paul II. zu Lëtzebuerg, den éischten Astra-Satellit, déi éischt Spillfilmer op Lëtzebuergesch, d'Entstoe vun der Kulturfabrik, d'Musek an d'Videoclippe vun deemools, d'Lëtzebuergesch als Nationalsprooch a Sprooch vu moderner Literatur, ...
Musek vu follgende Gruppen ass am Film ze héieren: Killing Joke, Rita Mitsouko, Plastic Bertrand, Nazz Nazz, Djuju, Echo & Bunnymen, Lou & The Hollywood Bananas, Hermann Brood an Vun Tuten a Blosen.
Produktioun
ännerenD'Produktioun vum Film gouf vum Lëtzebuerger Filmfong mat 25.000 Euro fir d'Entwéckele vum Dréibuch[1] a mat 270.000 Euro fir d'Produktioun vum Film ënnerstëtzt.[2][3]
Kritik
ännerenMarc Thill, Luxemburger Wort:[4]
Filmisch perfekt ins Licht gerückt sind die Interviews der Zeitzeugen, doch geben diese Schwarz-Weiß-Aufnahmen dem Film ein gewisses Pathos, etwas Verklärendes, eine Erhabenheit, die am Ende übertrieben wirkt. [...] Erfrischend kommen dabei die nachträglich animierten Karikaturen von Guy W. Stoos rüber und werden dem Vintage- und Retrolook des Films gerecht. Mit Pressefotos, die in bewegte Bilder übergehen, baut Bausch ebenfalls spannende und unterhaltsame Übergänge von einem Themenfeld zu einem ganz anderen. Etwas mühsam sind allerdings die nachgespielten Szenen.
Michael Reinertz, Luxembourg Times:[5]
A documentary poised to dive into the social issues of the decade, such as the economic changeover and its effect on an entire generation of working-class Luxembourgers, Lost in the 80s chooses instead to jump head first into the shallow end and, predictably, falls flat on its face. Watching this film means watching an invaluable collection of archival footage and eye-opening interviews on a pivotal decade in Luxembourg's history - but nothing more than that.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ filmfong.lu: Comité de Sélection décisions novembre 2017
- ↑ rtl.lu: 6.889.959 Euro fir 9 verschidde Projeten accordéiert (27. Abrëll 2018)
- ↑ filmfund.lu: Comité de Sélection décisions avril 2018
- ↑ wort.lu: Filmkritik der Woche: Der neue Andy Bausch vum Marc Thill (12. Oktober 2019)
- ↑ luxtimes.lu: Lost in 'Lost in the 80s vum Michael Reinertz (18. Oktober 2019)