Le pont rouge

Film vun der Geneviève Mersch

Le pont rouge ass e Kuerzfilm vun der Geneviève Mersch aus dem Joer 1991.

Le pont rouge
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Produktiounsjoer 1991
Dauer 21 min
Faarf Faarweg
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Geneviève Mersch
Fotografie Séverine Barde
Musek Jeannot Sanavia
Produzent Paul Thiltges, Claude Waringo (Samsa Film)
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film,
Centre Bruxellois de l'Audio-Visuel
Schauspiller
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Zanter 1966 féiert d'Rout Bréck vum Lampertsbierg op de Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg. Déif ënner der Bréck läit de Pafendall mat sengen Haiser. Ënner der Bréck lieft et sech net méi roueg, well vun der Bréck fält all Méigleches erof: Fritte vun der Fouer, Steng, oder Mënschen déi d'Flemm mam Liewen hunn.

Dës Situatioun gëtt vun de Kanner an den Erwuessenen aus dem Pafendall an Interviewë beschriwwen. Ouni ee grujelegt Bild ze weisen, geléngt et der Geneviève Mersch d'Angscht an d'Onsécherheet vun de Leit aus dem Pafendall duerzestellen.

Iwwregens; wéi de Film no senger Opféierung fir vill Diskussioun gesuergt hat, ass endlech e Schutz op der Bréck opgeriicht gi fir datt kee méi kann an den Dall erofsprangen.

Produktioun änneren

De Film gouf 1997 vum CNA op VHS-Kassett erausbruecht, zesumme mat John (1995) a Roger (1996).[1]

Wat sot d'Press änneren

De Jean-Pierre Thilges huet an der Revue Nr. 10/91 geschriwwen:

...Indem sie das Thema nicht überdramatisiert hat und die Aussagen der Betroffenen zu einer Art "danse macabre" des alltäglichen Grauens zusammenfügte, bei der ein gewisser Galgenhumor mehr als einmal durchschimmert, hat Geneviève Mersch den Nagel (um nicht zu sagen die Pfaffenthaler) genau auf den Kopf getroffen. "Le pont rouge" gehört zu den eindrucksvollsten Dokumentarfilmen, die wir je gesehen haben.

Gielercher änneren

  • Internationale Kurzfilmtage Oberhausen 1992 - Präis vun der internationaler Kritik /FIPRESCI

Kuckt och änneren

  1. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1997, Mäerz 1998, Säit 139