Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Sacem Luxembourg, och nach SACEM Luxembourg geschriwwen, ass eng lëtzebuergesch Organisatioun, déi sech fir de Respekt vum Auteursrecht asetzt. Si ass och dofir verantwortlech, fir d'Taxen am Kader vum Auteursrecht anzesammelen an un d'Auteuren auszebezuelen.

Sacem Luxembourg
Typ Société civile
Grënnungsdatum 8. November 2002
Sëtz Lëtzebuerg
Leedung Marc Nickts
Homepage www.sacem.lu

D'Sacem gouf am November 2002 op Initiativ vun der franséischer Société des auteurs, compositeurs et éditeurs musicaux (SACEM) an der franséischer Societe pour l'administration de droit de reproduction mecanique des auteurs, compositeurs et editeurs (SDRM) gegrënnt.[1] Den éischte Gérant war, bis 2010, de Bob Krieps.[1] Mat den Aktivitéite gouf den 1. Januar 2003 ugefaangen.

2020 waren 1.200 Kreateure bei der Sacem Luxembourg ageschriwwen, dovu krut ronn d'Hallschent eng Remuneratioun vun der Sacem. Dat Joer huet d'Sacem 1 Millioun Euro u Lëtzebuerger Kënschtler iwwerwisen, a 5 Milliounen u Kënschtler aus dem Ausland.[2]

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Grënnungsakt am Mémorial
  2. wort.lu: Un million d'euros de la part de la Sacem vum Patrick Jacquemot (4. Abrëll 2020)