D'Symmetrie vum Päiperlek
D'Symmetrie vum Päiperlek ass e lëtzebuergesche Spillfilm vun AFO Film (Paul Scheuer a Maisy Hausemer), deen am August/September 2011 gedréit gouf. En hat den 8. Mäerz 2012 Première um Festival Discovery Zone a koum den 13. Abrëll 2012 an d'Kinoen.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2012 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie |
Paul Scheuer Maisy Hausemer |
Dréibuch |
Maisy Hausemer Paul Scheuer |
Fotografie | Carlo Thiel |
Musek | Jeannot Sanavia |
Schnëtt | Misch Bervard |
Produzent |
Nicolas Steil Iris Productions |
Schauspiller | |
Marie Jung als Sophie/Sofia Frédéric Frenay als Gregori/Georges Luc Schiltz als Max/Misch Marc Olinger als Roger/Mett Marie-Paule von Roesgen als Rosalie Steve Karier als Dokter am Âge d'Or/PDG Quatel Fernand Fox als Wiert/Alois Nora Koenig als Journalistin Norbert Rutili als Assistent am Âge d'Or/Comité Quatel Alain Holtgen als Assistent am Âge d'Or/Comité Quatel Gintaré Parulyte als Assistentin am Âge d'Or/Comité Quatel Yannick Géraud als Maurice/Emil Max Thommes als Postbeamten Véronique Fauconnet als Franséisch Journalistin Claude Frisoni als Generalsekretär Brigitte Urhausen als RTL Speakerin Marc Faber als Buergermeeschter/Direkter vum Ãge d'Or Dean Constantin als Arbitter zu Veianen Raoul Schlechter als Hotelsportier Stefan Weinert als Arbitter zu Kopenhagen Laurence Streitz als Receptionistin am Hotel du Donjon Sascha Georges als RTL-Speaker Germain Wagner als Syldaveschen TV-Speaker Saesa Kiyokawa als Japanesch TV-Speakerin David Meyer als Belschen Informatik Expert/Infirmier am Âge d'Or Thomas Meyer als Belschen Informatik Expert/Infirmier am Âge d'Or | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Schrëftsteller Roger, deen no engem Accident an engem Seniorenheem versuergt gëtt, inspiréiert sech un de Leit ronderëm hien, fir eng nei Geschicht ze schreiwen: De syldawesche Schachweltmeeschter Gregori Sczyrkutah gëtt vun der jonker lëtzebuergescher Spillerin Sophie Latour geschloen, an zitt sech verbattert zeréck. Den Informatiker Max von Allmen, deen e Spëtzeprogramm fir Schach entwéckelt huet, proposéiert dem Gregori, mat sengem Quantecomputer seng Revanche géint d'Sophie ze huelen. Wärend de Max mat der Hëllef vum Gregori seng Software sou programméiert, datt se d'Sophie besser schachmatt setze kann, verléift hie sech an hatt...[1]
Soss
ännerenD'Figur vum Roger ass en Hommage un de verstuerwene Schrëftsteller Roger Manderscheid.
2012 kruten de Paul Scheuer an d'Maisy Hausemer (Dréibuch) de Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht kënschtleresch Kontributioun, ex aequo mam André Dziezuk (Musek).
1.900 Leit waren de Film 2012 an de Kino kucken.[2]
Literatur
änneren- Ian De Toffoli: "'Le joueur d'échecs' à la luxembourgeoise.". In: Tageblatt, 23.09.2011, Nr. 222, S.22.
- Thierry Hick: "Tournage du film 'D'Symmetrie vum Päiperlek'." wort.lu, 22.09.2011 19:10.
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ D'Symmetrie vum Päiperlek bei Iris Group.
- ↑ Pressecommuniqué vun der F.L.E.C, 2013-01-10.