Edward J. Steichen (Film)

Edward J. Steichen ass en Documentaire vum Claude Waringo iwwer de lëtzebuergesch-US-amerikanesche Fotograf Edward Steichen aus dem Joer 1995.

Edward J. Steichen
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Frankräich
Première 1995
Dauer 52 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Franséisch
Englesch
Ekipp
Regie Claude Waringo
Dréibuch Claude Waringo
Frédéric Fichefet
Fotografie Jean-Louis Sonzogni
Musek Jeannot Sanavia
Schnëtt Frédéric Fichefet
Produzent Jani Thiltges
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film, Simple Productions (BE), Lieurac Productions (FR), Les Films de Mai (FR)
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Den Edward J. Steichen ass e Fotograf. Hien ass mat sengen Elteren am Alter vun 18 Méint aus Lëtzebuerg an d'USA emigréiert, an huet seng éischt Foto mat 16 gemaach.

Um Ufer vum Michigan-Séi dreemt hie vun engem Kënschtlerliewen. Sechs Joer méi spéit begéint hien den Auguste Rodin. Spéider presentéiert hien de Pablo Picasso a sengen eegene Gallerien zu New York an erfënnt déi modern Mouden- a Krichsfotografie. Hien organiséiert eng Ausstellung, déi méi wéi 9 Millioune Visiteuren unzitt: The Family of Man. Géint dem Enn vu sengem Liewe filmt hien e Bam hannert sengem Haus wärend fënnef Joer. Virun allem awer war hien zu senger Zäit de weltwäit bekanntste Portraitfotograf.[1]

Filmproduktioun änneren

D'Produktioun vum Documentaire gouf mat enger Rei Subside vum Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt. Esou krut d'Firma TIVA-Film 1990 e Subside an Héicht vu 500.000 Lëtzebuerger Frang fir de Film ze schreiwen.[2] D'Joer drop krut Samsa Film e Subside fir déi selwecht Aufgab an dem selwechte Montant.[3] 1992 ass dunn e Subside vun aacht Millioune Frang fir d'Produktioun dobäikomm[4] an 1993 dunn nach eng Kéier en europäesche Subside vun Eurimages an Héicht vun 300.000 franséische Frang.[5] 1996 koum nach eng "Aide à la distribution" vun 1,5 Millioune Lëtzebuerger Frang vum Filmfong dobäi.[6] 1998 huet de Filmfong e Subside vu 400.000 Frang accordéiert, fir de Film op VHS-Kassetten an den USA u bestëmmte Photographen, déi vum New Yorker Museum of Modern Art erausgesicht goufen, ze schécken.[7] 2000 koum eng weider "Aide à la distribution" vu 450.000 Frang dobäi.[8]

De Film gouf den 13. Januar 1996 um lëtzebuergeschen RTL ausgestraalt, an och op der belscher Televisioun.[9]

Präisser änneren

De Film gouf op enger Rei Filmfestivaller gewisen, dorënner zu Bréissel, Edinburgh, Florenz, Montréal a São Paulo.[10]

Wat sot d'Press? änneren

De Jean-Pierre Thilges huet an der Revue Nr. 49/95 geschriwwen:

Le cinéaste réussit (...) à nous présenter les facettes multiples du personnage, tout en se gardant de trop expliquer et d'analyser à mort un homme qui comme tout homme avait ses secrets et ses contradictions.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. De Film op film-documentaire.fr
  2. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 1990, Säit 68
  3. Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1991, Mäerz 1992, Säit 92
  4. Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1992, Mäerz 1993, Säit 60
  5. Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1993, Mäerz 1994, Säit 73
  6. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1996, Mäerz 1997, Säit 108
  7. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 204
  8. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2000, Säit 208
  9. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1995, Mäerz 1996, Säit 104
  10. De Film op simpleproduction.be